Place de la Constitution

Vu Wikipedia
Place de la Constitution
Numm lb: (Bei der) Gëlle Fra
fr: Place de la Constitution
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Uewerstad
Koordinaten 49° 36’ 33.4’’ N
      06° 07’ 45.6’’ O
Genannt no Lëtzebuerger Constitutioun

D'Place de la Constitution, am Volleksmond „(Bei der) Gëlle Fra“ genannt, ass eng Plaz an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se läit um Bord vum Boulevard Roosevelt (N50), op der fréierer Bastioun Beck.

An der Mëtt vun der Plaz steet de Monument du souvenir, déi sougenannt Gëlle Fra, déi der Plaz hire Lëtzebuerger Gebrauchsnumm ginn huet. Ronderëm d'Monument si Parkplazen. D'Plaz gëtt awer och fir Volleksfester, den Oktav-Mäertchen oder de Chrëschtmaart benotzt.

Am Abrëll an am August 2019 gouf bekannt gemaach, datt d'Plaz vum Staat ëmgebaut soll ginn, fir se méi attraktiv fir d'Foussgänger ze maachen. D'Parkplazen, inklusiv déi vun den Touristebussen, solle verschwannen. D'Stad Lëtzebuerg hirersäits plangt fir e Lift z'installéieren, deen d'Plaz mam Péitrussdall verbënnt. E Concours fir d'Neigestaltung gëtt am Hierscht 2019 ausgeschriwwen.[1],[2]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Place de la Constitution – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Plaz gëtt amenagéiert an et kënnt e Lift fir erof an d'Péitruss op rtl.lu den 11. Abrëll 2019.
  2. "Detailer presentéiert: Den neie Boulevard Roosevelt." rtl.lu, 22.08.2019 12:38.