Prümer Deelung
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Bei der Prümer Deelung vun 855 huet de Lothaire I. säi Räich ënnert sengen dräi Jongen opgedeelt.
Dem Lothaire säi Räich war d'Mëttelst Räich, dat sengersäits, beim Traité vu Verdun, aus der Deelung an dräi vum Karel dem Grousse sengem Räich ervirgaange war, a sech vun Zentralitalien bis erop a Friesland gezunn huet.
Zu Prüm (wahrscheinlech am Schlass vu Schüller), krute vum Lothaire senge Jongen:
- de Lothaire II. vu Loutrengen den Norde vu Lotharingien, wouzou dat haitegt Loutrengen gehéiert huet,
- de Charles d'Provence an
- de Louis II., de westlechen Deel (de Norde vun Italien).
Wéi de Charles 863 gestuerwen ass, hu sech seng zwéi Bridder seng Lännereie gedeelt, an 870, wéi och de Lothaire II. gestuerwen ass, hu sech deem seng Monnien, dem Lothaire I. seng Bridder, de Charles de Plakapp an de Ludwig den Däitschen dee leschte Rescht vum Mëttelsse Räich, duerch den Traité vu Meerssen, gedeelt.
Kuckt och [änneren]
- Traité vu Prüm vun 2005