Quartier latin

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich

De Quartier latin (lëtz.: laténgesche Quartier) ass dat traditionellt Studentevéirel zu Paräis. Den Numm kënnt dohir, datt d'Studenten an hir Professeren op der Sorbonne fréier Latäin geschwat hunn. De Quartier latin ass awer kee Véirel am administrative Sënn.

Historeschen Zentrum vum Quartier latin ass d'Sorbonne an d'Véirel leeft iwwert de Ve a VIe Arrondissement vu Paräis.

Metro-M.svg Heihinner kënnt een iwwer d'Métrosstatiounen: Saint-Michel, Cluny-La Sorbonne.

D'Véirel ass haut ganz touristesch beaflosst, an huet eng sëlleche Stroosse mat Bistroën, Caféen a Souvenirsboutécker. Mee och d'Studente sinn hei nach ëmmer ze fannen, wat virun allem un der héiger Konzentratioun vu Schoule läit, déi een hei fënnt. Nieft der Sorbonne sinn hei d'Gebaier vun der Université Paris II Panthéon Assas, vum Campus de Jussieu (mat den Universitéite Paris VI a Paris VII), der Paris III Sorbonne-Nouvelle, dem Collège de France an der Bibliothéik Sainte-Geneviève. Ausserdem stinn hei prestigiéis an historesch Lycéeën a Collègen (Louis-le-Grand, Henri-IV, Saint-Louis, Stanislas, Fénelon, Montaigne...) a verschidde Grandes écoles (Mines, Beaux Arts, École normale supérieure, an den Institut supérieur d'électronique de Paris (ISEP). D'Librairien an dësem Véirel hu sech dann och ganz op hir (gréisstendeels) Studenteclientèle spezialiséiert.

An de 60er Joeren a virun allem am Mee 1968 war de Quartier latin ee vun den Zentre vun de Studentebewegungen.

Als Uspillung op d'Paräisser Véirel heescht zu Köln an Däitschland de Beräich ronderëm de Rathenauplatz bei der Universitéit Kwartier Lateng.

[änneren] Kuckeswäertes am Quartier latin

[änneren] Um Spaweck

Paris-metropolitan-area-symbol.png Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.
Perséinlech Tools