René Konen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De René (Boy) Konen, gebuer den 23. Abrëll 1921 zu Bënzelt, a gestuerwen de 14. November 1994 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker (DP) a Resistenzler. Säi Spëtznumm Boy krut hien als jéngste Spiller vun der Foussballsequipe Young Boys Diekirch.
Hie war Grënnungsmember vun der LPL a gouf am Hierscht 1941 vun den Däitsche verhaft a koum op Hinzert an d'Konzentratiounslager, vu wou hie spéider fortgelaf ass, an an den Ënnergrond a Frankräich goung.
Nom Krich huet hie seng Première am Dikrecher Kolléisch gemaach. Nom Staatsexamen gouf hie Steierbeamten.
Seng Carrière [änneren]
- Grënnungsmember vun dem GDP (aus deem d'DP spéider ervirgaangen ass)
- 1952-1969: Schäffen an der Gemeng Ëlwen
- 1969-1971: President vun der DP
- 1970-1979: Gemengerotsmember a Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg
- 1974-1979 an 1984-1993: Deputéierten an der Chamber
- 1979-1984: Minister vun der Fonction Publique a vun den Ëffentleche Bauten an Aarbechten an der Regierung Werner-Thorn-Flesch