Schielmees
| Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Schielmees | |||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Schielmees |
|||||||||||||||
| Systematik | |||||||||||||||
|
|||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
| Parus major „Linnaeus“ 1758 |
|||||||||||||||
D'Schielmees (Parus major) ass eng Vullenaart aus der Famill vun de Meesen (Paridae).
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Beschreiwung
D'Schielmees ass déi gréissten an déi heefegst vun de Meesen. Hire Kapp ass schwaarz mat wäisse Baken. Bei de jonke Schielmeesen ass de Bak hellgiel. De Bauch ass giel mat engem schwaarze Stréch an der Mëtt. Beim Weibchen ass dëse Stréch méi dënn wéi beim Männchen. De Réck ass gréng. De Gesank vun der Schielmees ass ganz ofwiesslungsräich. Et héiert een dacks schonn am spéide Wanter en "zi zi dee".
[änneren] Ecologie
[änneren] Ernierung
D'Schielmeese friesse virun allem Insekten. Si picken un de Beem oder sichen um Buedem an am Kraut no Déieren. De Gäertner gesäit si dofir gären als natierlech Hëllef bei der Bekämpfung vun dem Gedéiesch am Gaart.
Am Wanter gesäit een d'Schielmeesen dacks bei de Fidderplazen. Si hu virun allem d'Sonneblummekäeren gären. Op laang Dauer bekënnt hinnen dës eesäiteg Ernierung awer net.
[änneren] Liewensraum
D'Schielmeese komme bal iwwerall vir, wou et Beem ginn. Si si ganz upassungsfäeg. Duerch Nistkëschte kann een hinnen hëllefen. Am Wanter bleiwen d'Schielmeesen an hirer Heemecht. Eenzel Meese schlofe vun November bis Februar nuets an den Nistkëschten.
[änneren] Brutfleeg
Schonn Enn Wanter gesäit ee Koppelen di zesummegehéieren. Ab Mëtt Mäerz schléift d'Weibchen nuets net méi an der Nistkëscht. Bei guddem Wieder schleefen d'Meesen dréchent Moos, Grieser an Hoer an d'Këscht. An der Mëtt vum Koup gëtt eng Kaul gemaach. Dës Kaul gëtt mat Plommen an Hoer ausgekleet. Jee no Baussentemperatur leet d'Weibchen ëm den Ufank Abrëll all Dag géint der Mueren en Ee. Dës ginn am Ufank nach net gebréit. Si gi mat Plommen an Hoer zougedeckt. Wann et nuets kal gëtt, schléift d'Weibchen am Nascht fir d'Eeër waarm ze halen. De Männche markéiert den Terrain mat sengem Gesang.
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Parus major – Biller, Videoen oder Audiodateien |