Schilthorn

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Flag Switzerland template.gif Dëse Geographiesartikel iwwer d'Schwäiz ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schilthorn
Schilthorn.jpg
Héicht: 2.970 m
Lag: Flag of Switzerland.svgEidelt Bild.jpg Schwäiz
Bierger: Berner Oberland
Éischt op der Spëtzt:  ??

D'Schilthorn ass eng 2.970 m héich Biergspëtzt am Berner Oberland an der (Schwäiz), déi iwwer Lauterbrunnen a Mürren erreecht ka ginn.

Do bitt sech engem e phantastesche Panorama, dee vum Titlis, Jungfrau, Mönch, Eiger, iwwer d'Berner Alpen an de Jura bis zu de Vogesen an de Schwarzwald reecht.

Op d'Schilthorn kënnt e mat enger Seelbunn, déi vun 1967 un a Betrib ass an déi an 2 Sektiounen iwwer d'Zwëschenstatioun Birg op d'Spëtzt fèiert. Dës Spëtzt läit 1.320 m méi héich wéi d'Dallstatioun. Wéi se gebaut gouf, war si déi längst Loftseelbunn an Europa.

Am Panoramarestaurant Piz Gloria an op den Häng vum Schilthorn gouf 1969 den James-Bond-Film Im Geheimdienst Ihrer Majestät gedreit.

Dat eelst a populärst Volleksschirenne vun der Welt, den Inferno-Offaartslaf gëtt all Joer, ëm den 20. Januar hei ausgedro. D'Streck vun dëser inoffizieller Langstrecken-WM féiert vum Schilthorn bis no Lauterbrunnen. Déi Bescht brauche fir dës 16 km laang Streck knapps 15 Minutten.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schilthorn – Biller, Videoen oder Audiodateien