Seechomessenniwwel

Vu Wikipedia
Planetareschen Niwwel
Seechomessenniwwel / Mz 3
De Seechomessenniwwel, fotograféiert vum Hubble-Weltraumteleskop
Stärebild Norma (Nor)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 16h 17m 13.4s
Deklinatioun - 51° 59' 10.3"
Ausgesinn
Visuell Magnitude 13,8 mag mag
Wénkelduerchmiesser 0.83/0.20
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) 3000 Lj
Radialvitess −21,2 km/s
Geschicht
Entdecker Donald Menzel
Entdeckungsdatum 1922
Entdeckungsplaz Boyden Observatoire
deemools zu Arequipa am Peru
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
ESO 225-PN9
RCW 101
PK 331-01 1

De Seechomessenniwwel ass e jonke planetareschen Niwwel. En aneren Numm fir den Niwwel ass Menzel 3 (Ofk.: Mz 3). Den Numm Seechomessenniwwel kënnt vu sengem Ausgesinn, well en dem Kapp an dem Thorax vun enger Seechomes gläicht.

De Seechomessenniwwel breet sech stralefërmeg mat enger Vitess vu ronn 50 km/s aus. Dacks gëtt hie wéinst senger änlecher Genesisgeschicht mat dem Päiperleksniwwel verglach. Hie weist keng Spuer vu molekulare Waasserstoff-Ausstéiss.

De Seechomessenniwwel gouf 1922 vum Donald Menzel op Fotoe vum Bruce-24-Inch-Teleskop an der Baussestatioun vum Harvard College Observatoire zu Arequipa am Peru entdeckt[1],[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D. N. Menzel: Five new planetary nebulae., 1922BHarO.777....0M
  2. Harlow Shapley: Five new planetary Nebulae, 1922BHarO.777R...3S