Sibiu

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Sibiu

Sibiu (Däitsch: Hermannstadt, Ungaresch Nagyszeben) ass eng mëttelalterlech Stad a Rumänien. Sibiu läit an Transsylvanien (dt: Siebenbürgen) an huet eng 170.000 Awunner. Et ass d'Haaptstad vum Bezierk (judet) mam selwechten Numm.

Sibiu in Romania.png

Sibiu gouf am 12. Joerhonnert vun däitschen Emigrante gegrënnt. Joerhonnertelaang hu si hir Kultur a Sprooch, déi e gewësse Glach mam Lëtzebuergeschen huet, kënnen erhalen. Mä ënnert dem Nicolae Ceausescu senger Diktatur, a virun allem direkt no hirem Zesummebroch 1989-90, sinn déi meeschte Leit an Däitschland ausgewandert; haut si just nach tëscht 1 an 2 Prozent vun der Bevëlkerung däitschsproocheg, déi aner schwätze Rumänesch, Romanés oder Ungaresch.

Zënter dem September 2004 steet déi historesch Alstad op der UNESCO-Lëscht vun der Weltkulturierfschaft.

2007 ass Sibiu zesumme mat der Groussregioun Lëtzebuerg Kulturhaaptstad vun Europa.

Koordinaten: 45° 47' 22" N
24° 08' 54" O

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Sibiu – Biller, Videoen oder Audiodateien