Sirrah (Stär)

Vu Wikipedia
D'Stärebild Andromeda mat senge Stären

Sirrah ass den Numm fir de Stär Alpha Andromedae. De Sirrah, mat der aler Bezeechnung „Alpheratz“ steet um nordëstlechen Enn vum Pegasusquadrat. Op munnech ale Stärekaarte gëtt de Sirrah och zum Pegasus gerechnet an als Delta Pegasi bezeechent. De Sirrah huet eng visuell Magnitude vu +2,15 mag. Säi Spektraltyp ass B9 an hien huet eng Surfacetemperatur vun zirka 30.000 Kelvin an eng donkelblo Faarf. Seng Liichtkraaft iwwersteigt déi vun eiser Sonn ëm dat 200-facht. No neiste Fuerschungen a Berechnungen huet de Sirrah den 2,7-fache Sonnenduerchmiesser. De Sirrah ass 390 Liichtjoer vun der Äerd ewech.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alpha Andromedae – Biller, Videoen oder Audiodateien