Spaghettimonster, dat flitt
D'Spaghettimonster, dat flitt ((en): Flying Spaghetti Monster, kuerz: FSM), ass d'Gottheet vum Physiker Bobby Henderson senger Spaassrelioun, déi hien am Joer 2005 gegrënnt huet. De Sënn dovunner war, d'Pseudowëssenschaft vum Intelligent Design ad absurdum ze féieren. D'Membere bezeechne sech als "Pastafari". Nom Doud erwaart de Gleewegen, ënner anerem, e Béiervulkan an eng Stripperfabréck. D'Liewensmaxim ass "WWAPD?" ("What Would a Pirate Do?"), et ass eng Uspillung op de chrëschtleche Slogan "WWJD?" (What would Jesus do?)
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Iddi a Verbreedung
D'Iddi dovunner war eng ëffentlech Diskussioun iwwer de Kreationismus an den USA unzereegen. Den Henderson ass der Meenung datt Relioun eng Privatsaach ass an net an d'Schoul gehéiert.
Dat ganzt huet domadder ugefaang datt den Henderson en ëffentleche Bréif un d'Schouladministratioun vum Kansas geschéckt huet. An dësem Bréif geet et drëms datt d'"Léier" vum Spaghettimonster, dat flitt, genee wéi déi kreationistech Léier, an der Schoul geléiert soll ginn.
Zanterhir geet d'Zuel vun de Symphatisante rapid an d'Luucht. Haaptsächlech duerch d'Internet Bloggen huet sech ee weltwäite Reseau opgebaut.
Si sin och bekannt fir hir provokativ Aktiounen, sou huet z.B. ee Blog versprach, datt deejéinegen dee beweise kéint datt Jesus net d'Kand vum Spaghettimonster dat flitt wier, géif 250 000 US-Dollar gewannen. Spéider gouf d'Präisgeld souguer op 1 Millioun US-Dollar eropgesat. Domadder wollte si weisen datt et onméiglech ass esou ee Bewäis virzebréngen.
[änneren] D'Situatioun zu Lëtzebuerg
Zënter dem 4. August 2007 gëtt et och zu Lëtzebuerg eng Sektioun, déi sech FSM Lëtzebuerg - D'Kierch vum Fléiende Spaghettimonster nennt.
Hiert Zil ass et, vum Staat unerkannt a finanziell ënnerstëtzt ze ginn, grad esou wéi aner Reliounen och. Mat deene Sue wëlle si ee "Pastatempel" am Norden, Süden, Westen an am Oste bauen an hir Paschtéier bezuelen, déi si "Kapitänen" a "Matrousen" nennen.
Et ass awer dovunn auszegoen, datt dat eng Parodie ass. Zil dovunner soll d'Trennung vu Kierch a Staat sinn. Si wëllen domadder drop opmierksam maachen, datt d'kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg nach ëmmer e groussen Afloss huet, an datt déi staatlech Konventioune mat Reliounen net gerecht sinn.
[änneren] Literatur
- Bobby Henderson: Das Evangelium des Fliegenden Spaghettimonsters, Manhattan-Verlag 2007, ISBN 3-442-54628-1 / ISBN 978-3-442-54628-2
[änneren] Um Spaweck
- www.fsm.lu - FSM - Lëtzebuerg
- www.venganza.org – Homepage vum Bobby Henderson (en)
- www.das-fsm.de - FSM - Daitschland (de)
| Commons: Flying Spaghetti Monster – Biller, Videoen oder Audiodateien |