Stade Josy-Barthel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stade Josy Barthel
Lëtz-Stadion-Terrain-w.jpg
Baujoer 1928-1931
1989-1990
Stad Lëtzebuerg
Kapazitéit 8.054 (UEFA)
Éierentribün-Plazen 105
Presse-Plazen 83
Veräin National

De Stade Josy Barthel ass den nationale Stadion vu Lëtzebuerg a läit am Weste vun der Haaptstad op der Areler Strooss. E gouf 1931 ageweit a gëtt fir Foussball, Liichtathletik a Rugby benotzt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Haapttribün (2007)

De Stade Josy Bartel gouf tëscht 1928 an 1931 gebaut an huet Ufanks nach Stade Municipal geheescht. 1989-1990 ass e komplett renovéiert ginn. Zënter dem Juli 1993 ass en nom bekannte lëtzebuergesche Sportler a Politiker Josy Barthel benannt, deen 1952 bei den Olympesche Spiller eng Goldmedail gewonnen huet.[1]

De Stadion huet 8.054 Plazen,[2] vun deenen der ronn 1.300 iwwerdeckt sinn.[3] Nieft dem Foussballterrain (105 x 68 Meter) mat Naturwiss huet de Stade Josy Barthel och eng sechsspuereg Liichtathletikanlag.

De Stade Josy Barthel ass de fréiere Stadion vum C.A. Spora Lëtzebuerg (haut Racing FC Union Lëtzebuerg). Déi meescht international Foussballsmatcher um Niveau vun der UEFA an der FIFA, déi vun der lëtzebuergescher Nationalequipe bestridde ginn, ginn op dësem Terrain gespillt. Och de Liichtathletikclub CSL trainéiert do, a verschidde Matcher vun der lëtzebuergescher Rugby-Union-Nationalequipe am Kader vun de Qualifikatiounsspiller fir d'Rugby-Union-Weltmeeschterschaft 2015 ginn am Stade Josy Barthel gespillt.

Renovatiounsprojet[änneren | Quelltext änneren]

2012 ass an de lëtzebuergesche Medie vill iwwer d'Pläng geschwat ginn, fir zu Léiweng en neien Nationalstadion mat engem Akaafszentrum ze bauen; déi Pläng goufen awer vun der Regierung verworf. Och d'Gemeng Déifferdeng hat eng Kandidatur agereecht, fir de Stade Municipal zu Uewerkuer zum Nationalstadion auszebauen.[4][5]

Am November 2012 gouf schlussendlech bekannt gemaach, datt de Stade Josy Barthel géif renovéiert ginn. Dem FLF-President Paul Philipp no misst dat séier geschéie well Lëtzebuerg soss keen UEFA-konforme Stadion méi hätt an déi lëtzebuergesch Clibb an d'Nationalmannschaft da vun europäesche Kompetitioune kéinten ausgeschloss ginn.[6] Well ee Joer drop nach ëmmer näicht geschitt war ass den UEFA-President Michel Platini am September 2013 op Invitatioun vun der FLF op Lëtzebuerg komm, an huet de schechten Zoustand vum State Josy Barthel staark kritiséiert.[7]

D'Käschte fir d'Renovatioun vum Stadion, déi zwéi Joer daueren an d'Kapazitéit op 9.000 Spectateuren eropsetze sollen, goufen op 30 bis 40 Milliounen Euro geschat.[8]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. luxembourg2013.lu: Unique person for a unique place (Säit 3) (gekuckt den 20. Dezember 2013)
  2. Stade Josy Barthel op europlan-online.de (gekuckt den 20. Dezember 2013)
  3. profootball.lu: Das Stade Josy Barthel ist nicht mehr zeitgemäss - Wann erhält Luxemburg ein modernes, nationales Fussballstadion? (20. Oktober 2007, gekuckt den 28. Dezember 2013)
  4. differdange.lu: Stade national à Oberkorn: une solution économique et compacte à l'horizon 2014 (gekuckt den 28. Dezember 2013)
  5. mywort.lu: Differdingen bewirbt sich um Nationalstadion (9. Oktober 2013; gekuckt den 28. Dezember 2013)
  6. tageblatt.lu: Stade Josy Barthel wird renoviert(17. November 2012; gekuckt den 28. Dezember 2013)
  7. lequotidien.lu: Stade: il n'est plus l'heure d'en rire (26. September 2013; gekuckt den 28. Dezember 2013)
  8. paperjam.lu: Le stade Josy Barthel «l'un des plus pourris» (25. September 2013; gekuckt den 28. Dezember 2013)