Trouble No More (Film)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Film vum Andy Bausch. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Trouble No More.
Trouble No More
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
CHECHE Schwäiz
Première 23. Mäerz 2010
Dauer 92 min.
Originalsprooch Lëtzebuergesch, Franséisch
Ekipp
Regie Andy Bausch
Dréibuch Andy Bausch, Jasmine Hoch
Fotografie Carlo Thiel
Musek Guy Schmit, Serge Tonnar
Schnëtt Misch Bervard
Produzent David Grumbach, Paul Thiltges , Rolf Schmid
Produktiouns-
gesellschaft
Paul Thiltges Distributions
Fama Film AG
Schauspiller
Marco Lorenzini als Ray Guddebur
Nilton Martins als Jorsch
Hervé Sogne als Zizou
Ender Frings als Chuck Moreno
Nicole Max als Jenny Jacoby
Nora Koenig als Tess Jakoby
Jean-François Wolff als Fränz
André Jung als Angelo
Frédéric Frenay als Mike
Luc Feit als Psycholog
Marc Faber als Muerzel
Monique Reuter als Mamm vum Jorsch a Mike
Serge Tonnar als Mussolini - Giichtchen
Henri Baumert als Petz
Pitt Simon als Pit
Petz Schaack als Jupp
Ed Sauer als Ed
Christiane Rausch als Nelly (Fra vum Angelo)
Gilles Soeder als Elton John
Daniel Plier als Polizist
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Trouble No More ass e Lëtzebuerger-Schwäizer Film vum Andy Bausch aus dem Joer 2010. En ass de leschten Deel vun der Trilogie ëm den Johnny Chicago an d'Fortsetzung vun de Filmer Troublemaker (1988) a Back in Trouble (1997).[1]

D'Tragicomedie hat den 23. Mäerz 2010 Avant-Première an ass dräi Deeg drop an de Kinoen ugelaf.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem de Jacques Guddebuer (alias Johnny Chicago) no engem Bankiwwerfall vun der Police erschoss gi war, versicht den Chuck Moreno, mat Hëllef vum Jacques sengem Brudder, dem Ray Guddebuer, dem Johnny Chicago säi leschte Wonsch z'erfëllen: eng Rees an Amerika. Dofir wëlle se seng Äschen op Chicago bréngen. Allerdéngs sinn dem Jacques seng Fra, d'Jenny, an och seng Duechter, d'Tess, eng Polizistin, vun där Iddi net grad begeeschtert...

Filmproduktioun[änneren | Quelltext änneren]

Trouble no more ass den drëtten Deel vun enger Johnny-Chicago-Trilogie, déi 1988 mat Troublemaker ugefaangen huet an 1998 mat Back in Trouble virugefouert gouf. Well den Haaptacteur vun deenen zwéin éischte Filmer, den Thierry van Werveke, am Januar 2009 gestuerwe war, huet den Andy Bausch zesumme mam Jasmine Hoch d'Dréibuch vun dësem Film missen ëmschreiwen.[2] Den Johnny Chicago ass deemno dout am Film an trëtt just a Form vun enger Urn op.

De Film gouf am Summer 2009 virun allem an de Stater Quartiere Gare, Bouneweg an Hollerech, mä och zu Chicago gedréint. Fir d'Dréiaarbechten an Amerika huet d'Filmcrew mat engem lokale Filmstudent zesummegeschafft, dee gard mat der Filmschoul vu Chicago fäerdeg gi war an alles virum Ukomme vun der lëtzebuergescher Crew virbereet huet.[3]

D'Produktioun vum Film gouf duerch Subside vum Lëtzebuerger Filmfong an dem Schwäizer Bundesamt für Kultur ënnerstëtzt.[4]

Accueil[änneren | Quelltext änneren]

E gouf am Ganze vu 6.978 Leit am Kino gesinn.[5]

Trouble No More gouf 2011 op de Filmfestivalle Solothurner Filmtage an um Filmfestival Max Ophüls Preis zu Saarbrécken gewisen.[6]

De Film war beim Lëtzebuerger Filmpräis 2012 ee vu véier Filmer, déi an der Haaptkategorie vum "Beschte Beschte Spillfilm" nominéiert waren.[7]

Wat sot d'Press?[änneren | Quelltext änneren]

Luc Caregari, woxx:[8]

De leschten Deel vun der Trouble-maker-Saga ass méi wéi en Hommage un den Thierry – et ass d'Konfirmatioun vum Andy Bausch sengem Filmstil. [...] Et ass eng stänneg Gratwanderung tëscht Film Noir a Stammdësch-Humor déi schlussendlech dem Andy Bausch säi Stil vun engem „Kino des kleinen Mannes“ [...] ausmécht. An dat gëtt dem lëtzebuergesche Kino seng Identitéit, op Verschiddener lo domat liewe kënnen oder net.

Ce film, rempli de détails qui charmeront le public local et qui affiche une photographie HD soignée de Luxembourg Ville réalisée par Carlo Thiel, possède à nouveau un flair très luxembourgeois. Le scénario, écrit par le réalisateur lui-même, est un peu trop indulgent et incohérent par moments, et manque de sympathie envers ses personnages principaux (une qualité omniprésente dans les rôles de Van Werveke). Ce que le film a de plus émotionnel, c'est l'excellente actrice Nicole Max, qui joue la femme de Johnny.

Der letzte Teil der bekannten Gauner-Trilogie ist unterhaltsam, selbstironisch und vor allem eine gelungene Hommage an Thierry van Werveke. [...] [A]lles in allem ist Trouble No More ein unterhaltsamer Film, der wie schon die vorigen Trouble-Filme vor luxemburgischer Selbstironie nur so strotzt und damit in der Luxemburger Filmwelt noch allein auf weiter Flur steht. Auch die humorvollen Szenen mit Thierry van Werveke und die nostalgischen Rückblicke im Film, setzen der Schauspielerlegende ein würdiges Denkmal.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. lessentiel.lu: Bausch rend un dernier hommage à l'ami Thierry vum Kalonji Tshinza (18. Mäerz 2010)
  2. famafilm.ch: Anmerkungen des Regisseurs Andy Bausch zu «Trouble no more»
  3. woxx.lu: KINO: Immer trouble mit Andy vum Brigitte Lichtfuß (4. September 2009)
  4. De Film um Site vun der Produktiounsgesellschaft Fama Film
  5. "Box office films luxembourgeois 1981-2012" op cna.public.lu (gekuckt:2013-01-19).
  6. De Film op swissfilms.ch
  7. Luxembourg film prize nominations announced (29. Februar 2012)
  8. woxx.lu: ANDY BAUSCH: De Johnny flitt op Chicago vum Luc Caregari (2. Abrëll 2010)
  9. land.lu: Ein letztes Mal Trouble vum Claire Barthelemy (2. Abrëll 2010)