Vizille
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | Grenobel | ||||
| Kanton | Vizille | ||||
| Code Insee | 38562 | ||||
| Postcode | 38220 | ||||
| Koordinaten | 45° 02' 40" N 05° 27' 43" W |
||||
| Fläch Uertschaft | 10,51 ha | ||||
| Bevëlkerung Uertschaft | 7 465 (1999) | ||||
Vizille ass eng franséisch Gemeng a Stad am Departement Isère, an der Regioun Rhône-Alpes.
Geographie [änneren]
Vizille huet eng Fläch vun 10,51 km² an hat 1999 26.761 Awunner.
Geschicht [änneren]
Vizille war eng befestegt Uertschaft, déi Oppidum Antiquum housch. No der réimescher Eruewerung gouf eng Strooss derduerch gebaut, déi vu Suze op Grenobel goung. Mee d'Allobrogen, déi do gewunnt hunn, hunn de Réimer de Passage méi wéi eemol streideg gemaach.
Geschwënn awer gouf d'Oppidum zur Castra Vigiliae, engem Militärposten um Réimerwee. Am 10. Joerhonnert huet se zum Deel der Abtei vu Cluny gehéiert. Vizille gouf an de Reliounskricher vun de Protestanten besat, fir dann nees un d'Katholiken zréckzegoen.
Bekannt ass Vizille virun allem doduerch, datt do den 21. Juli 1788 déi dräi Stänn zesumme koumen. Déi als Assemblée de Vizille bekannte Versammlung, déi vu biergerleche Notabelen aus der Géigend vu Grenobel zesummegeruff gi war, bestoung aus 50 Vertrieder vum Klerus, 165 Adelegen an 276 Vertrieder vum Drëtte Stand. Si hu gefuerdert, datt d'Generalstänn aberuff sollte ginn, an datt do jiddwereen eng Stëmm hätt (an net just all Stand).
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Franséisch Revolutioun ![]()
Kuckeswäertes [änneren]
- Musée de la Révolution française
Bekannte Leit [änneren]
- Alain Carignon, Buergermeeschter vu Grenobel an zweemol Minister an der Fënnefter Republik.
Jumelagen [änneren]
Venaria Reale (Italien)
Vöhringen (Däitschland).
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Vizille – Biller, Videoen oder Audiodateien |