Grenobel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Grenobel
Grenoble
Wopen-Grenobel.png
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Blason ville fr Lyon (Rhone).svg Rhône-Alpes
Departement Wopen-Isère.png Isère
Arrondissement Grenobel
Kanton 6 Kantonen
Code Insee 38185
Postcode 38000, 38100
Koordinaten 45° 11' 16" N
05° 43' 37" W
Fläch Uertschaft  18,30 ha
Bevëlkerung Uertschaft  156 793 (2006)


Grenobel (Grenoble op franséisch; Grenoblo op frankoprovenzalesch) ass eng Stad am Südoste vu Frankräich a Chef-lieu vum Departement Isère.

Grenobel ass mat iwwer 157.000 Awunner déi gréisst Héichgebiergstad an den Alpen, nach virun Innsbruck mat deem d'Stad touristesch vill gemeinsam huet. Grenobel läit ronn 150 Kilometer südlech vu Genf, 100 Kilometer südëstlech vu Lyon an 350 Kilometer nërdlech vun der Côte d'Azur.

Inhaltsverzeechnes

Geographie [änneren]

Grenobel läit tëscht de Massiver vum Vercors (am Südwesten), der Chartreuse (am Norden) an der Kette vu Belledonne (am Südosten). D'Stad läit ongeféier am Zentrum vun de franséischen Alpen a gëtt dowéinst och dacks « capitale des Alpes » genannt.

D'Stad ass haaptsächlech op engem Niveau vun dem Isère, dem Grésivaudan gebaut ginn, wou dëse Floss mam Drac op enger Héicht vun 214 Meter zesummeleeft. Ronderëm d'Stad si gréisstendeels Bierger, wat de Stendhal derzou beweegt huet, iwwer Grenobel ze soen « Au bout de chaque rue, une montagne…». De Wantersport a besonnesch de Schi erméigleche Grenobel touristesch attraktiv ze sinn: eng zwanzeg Schistatioune leie ronderëm d'Stad, déi déi am nootste leie, si knapps 30 Minutte wäit ewech.

Grenobel mat der Bastille

Ufanks war d'Stad awer net um Zesummefloss vun Drac (den Draach) an der Isère (d'Schlaang) gebaut, mä géint d'Bastille, der eenzeger Plaz am Dall vum Grésivaudan wou eng Bréck konnt gebaut ginn. Grenobel ass (a senger urbainer Zon) eng vun de flaachste Stied vun Europa, wat derzou féiert, datt hei och vill mam Vëlo gefuer gëtt. D'Stad ass dominéiert vun der Bastille, enger aler defensiver Festung déi op enger Héicht vu 475 Meter gebaut ginn ass, a vum Zentrum duerch en Téléphérique kann erreecht ginn, deen ëmgangssproochlech « les bulles » genannt gëtt. Hannert der Bastille läit de regionale Naturpark vun der Chartreuse.

Geschicht [änneren]

Grenobel war scho vun de kelteschen Allobroger bewunnt. An den Annale vun de Réimer gëtt d'Plaz eng éischte Kéier am Joer 43 v. Chr. als Cularo ernimmt, eng Stadmauer gëtt et schonns am Joer 286. Am Joer 377 gëtt d'Stad op den Numm Gratianopolis (nom Keeser Gratian) ëmgedeeft, wou sech den haitegen Numm dervun ofleet.

Zënter dem 4. Joerhonnert ass Grenobel e Bëschofssëtz; am Joer 879 fält et un d'Kinnekräich Burgund an zënter dem Joer 1242 huet d'Grenobel d'Stadrecht. D'Universitéit gouf am Joer 1339 gegrënnt. 1349 ass Grenoble mat der Dauphiné u Frankräich gaangen.

Am 18. Joerhonnert war d'Stad virun allem fir d'Konschthandwierk bekannt. D'Dynastie vun den Dëschler vun der Hache huet landeswäit u Bedeitung gewonnen, wéi si den Titel Dëschler vun den Herzoge vun Orléans krut. D'Wierker sinn nach haut am Musée Dauphinois zu Grenobel ze bewonneren. Scho 1788 koum et an der Stad zu enger antiroyalistescher Revolt (Journée des Tuiles), déi de Kinnek gezwongen huet, d'Generalstänn vun der Provënz anzeberuffen. Während der Revolutioun gouf d'Stad op den Numm Grelibre ëmgedeeft, a krut hiren haitegen Numm nees ënner dem Napoleon zréck.

De 26. Mee 1944 huet d'Stad ënnert engem schwéiere Bombardement gelidden.

Am Joer 1968 goufen hei déi X. Olympesch Wanterspiller opgefouert. Ënnert engem gewaltege finanziellen Opwand (ëmgerechent ëm déi 460 Milliounen ) gouf d'Stad deemools fir d'Groussverustaltung ausgebaut, well de Staatspresident Charles de Gaulle wollt d'Geleenheet notze, fir Grenobel als Symbol fir d'Moderniséierung vu Frankräich ze presentéieren.

Politik [änneren]

Jumelage [änneren]

D'Stad Grenobel huet Partnerschafte mat folgende Stied:

Flag of Italy.svg 1961: Catania (Italien)
Flag of Austria.svg 1963: Innsbruck (Tiroul)
Flag of Germany.svg 1976: Essen (Nordrhein-Westfalen), Flag of Germany.svg Halle (Sachsen-Anhalt)
Flag of Moldova.svg 1977: Chişinău (Moldawien)
Flag of the United Kingdom.svg 1984: Oxford (Groussbritannien), Flag of Israel.svg Rehovot (Israel)
Flag of the United States.svg 1990: Phoenix (USA)
Flag of Hungary.svg 1992: Pécs (Ungarn)
Flag of Lithuania.svg 1997: Kaunas (Litauen)
Flag of Tunisia.svg 1998: Sfax (Tunesien)
Flag of Algeria.svg 1999: Constantine (Algerien)
Flag of Germany.svg 1999: Stendal (Sachsen-Anhalt)
Flag of Italy.svg 2002: Corato (Italien)

Bevëlkerung [änneren]

Bevëlkerungsentwécklung
1962 1968 1975 1982 1990 1999 2006
156 707 161 616 166 037 156 637 150 758 153 317 156 793
Zuele vun 1962 un: [1]

Berühmte Jongen a Meedercher vun der Stad [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Grenobel – Biller, Videoen oder Audiodateien