Werka Serdjutschka

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Werka Serdjutschka (déi drëtt vu lénks) beim ESC 2007 zu Helsinki

D'Werka Serdjutschka (ukr. Вєрка Сердючка) ass e Koméidischarakter an Alter Ego vum ukrainesche Sänger Andrej Danilko.

Entwécklung vum Charakter[änneren | Quelltext änneren]

D'Figur ass déi vun enger frecher, extravaganter, eelerer Damm. Den Danilko huet se ugaangs fir seng kleng Sketch-Optrëtter erfonnt, mat deenen e praktesch iwwerall an de Länner vun der fréierer Sowjetunioun opgetratt ass. 1997 war de Personnage du fir d'éischt am ukrainesche Fernseh ze gesinn, als Schaffnerin an der Koméidisserie "SW-Show" (SW steet fir Schlofwagon). Duerno sinn och Museks-CDe vun der Konschtfigur erauskomm, eng Mëschung aus ukraineschem Folk an Dance, meeschtens am Sproochemix Ukrainesch-Russesch gehalen an dacks mat als Thema d'Eegenaarte vu Fraen a Männer. Den Erfolleg huet sech awer a Grenze gehalen, bis datt am Fréjoer 2003 den Duerchbroch an der Ukrain an a Russland mam Album "Ha-ra-scho" koum.

Beim Eurovision Song Contest 2007 zu Helsinki huet den Danilko als Werka Serdjutschka d'Ukraine mat dem Trash-Polka-Techno Titel "Dancing Lascha Tumbai" vertrueden an eng gutt zweete Plaz gemaach.

Diskographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Я рождена для любви (1998)
  • Гоп-гоп (2002)
  • Чита дрита (2003)
  • Ха-ра-шо (2003)
  • Жениха хотела (2004)
  • После тебя (2005)
  • Новые песни Верки Сердючки (2006)
  • Тралі-Валі (2006)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Verka Serduchka – Biller, Videoen oder Audiodateien