Zënsausgläichsteier

Vu Wikipedia

Zënsausgläichsteier oder op Amerikanesch Interest Equalization Tax (IET), ass 1963 um US-amerikanesche Marché agefouert ginn an taxéiert d'Zënsakommes vun all de Pabeieren déi net an den USA investéiert ginn, mat 15%. Domat sollt erreecht ginn, datt US-amerikanesch Suen am Land selwer sollten investéiert ginn. D'Zënsausgläichsteier huet bis 1974 bestanen.

Déi Moossnam, déi ënner dem President Kennedy agefouert gouf, muss een am ekonomesche Kontext vun där Zäit verstoen. Et war eng vu ville Moossnamen déi vun den Amerikaner an den 1960er Joren agefouert goufen well de weltwäite Wärungssystem, bestëmmt duerch Bretton Woods, ugefaangen huet aus allen Néit ze platzen.

Duerch de Bretton-Woods-System (no 1945) waren all (westlech) Wärungen un den US-amerikaneschen Dollar gekoppelt an den US-Dollar war un d'Gold gekoppelt, nämlech mat 35 $ fir eng Onz Gold. Dat heescht, et konnt nom Zweete Weltkrich internationalen Handel bedriwwe ginn ouni ze fäerten datt ee grouss Risike mat de Wärungen huet. Duerch de fixe Bretton-Woods-System war iwwerhaapt de phenomeenale Relancement nom Zweete Weltkrich méiglech ginn.

Problematesch gouf déi Saach eréischt Enn der 1950er, wéi den amerikaneschen Handelsdefizit ëmmer méi grouss gouf. Et sinn ëmmer méi Dollaren an d'Ausland gefloss. D'Iwweroffer vun Dollaren hätt eigentlech misse säi Wäert falen doen. Dat goung awer net, well d'Wärunge fest uneneegestréckt waren.

Firwat ass d'Zënsausgläichsteier agefouert ginn?[änneren | Quelltext änneren]

Well bis dohin déi meescht Obligatiounen zu New York gehandelt gi sinn, hunn d'US-amerikanesch Autoritéite geduecht, se kéinten en Erausfléisse vun US-amerikanesche Sue verhënneren, wann auslännesch Obligatioune géifen zousätzlech besteiert ginn.

Mä als Konsequenz dorop si ganz vill Marchée fir sou Pabeieren op anere Plazen entstanen, besonnesch zu London, Lëtzebuerg an och Frankfurt. Doduerch ass den Eurodollarmarché, deen eigentlech scho bestanen huet, eréischt richteg un d'Lafe komm.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]