Äisbierg

Vu Wikipedia
En Äisbierg
Tafeläisbierg
Äisbierg mat engem Bou
En Äisbierg mat enger bloer Sträif

En Äisbierg ass en décke Block Äis aus Séisswaasser, deen um Mier schwëmmt.

Am Nordatlantik kommen déi meescht Äisbierger aus Grönland, déi am Südatlantik meeschtens aus der Antarktis.

Am Allgemengen entsti se wa grouss Stécker vu Gletscheren oder vun Äisplattformen um Bord vum oppene Mier ofbriechen. Déi vun den Äisplattformen (meeschtens an der Antarktis) hunn eng méi oder manner horizontal Uewerfläch a ginn "Tafeläisbierger" genannt. Well Waasser dat zu Äis gefruer ass, an deem Aggregatzoustand manner kompakt ass, schwammen d'Äisbierger um Mier. Allerdéngs kuckt da just ee Siwentel eraus, déi aner 6/7 sinn ënner Waasser.

Doduerch waren a sinn Äisbierger eng Gefor fir Schëffer, well ee just déi spréchwiertlech "Spëtzt vum Äisbierg" gesäit, net awer, wat fir eng Ausdeenumg s'ënner Waasser hunn. Déi bekanntst Kollisioun mat engem Äisbierg, mat dramatesche Suiten, dierft déi vun der RMS Titanic, am Abrëll 1912, gewiescht sinn.

De russeschen Dichter, Naturwëssenschaftler an Universalgeléierte Michail Lomonossow huet 1750 als éischten d'Äisbierger naturwëssenschaftlech beschriwwen.

Äisbierger si meeschtens wäiss, wéinst der Reflexion vun der Luucht un der Loft, déi am Äis mat dran ass. Blo Stécker oder 'Oderen' entstinn, wann d'geschmoltent Waasser a Gletschersplécke gelaf an dann nees gefruer ass. Äisbierger brauchen an der Moyenne eng 3 Joer, ier se ganz geschmolt sinn, besonnesch grouss Exemplaren och alt emol 30 Joer. 1956 gouf dee bis ewell gréisste bekannten Äisbierg mat enger Fläch vun 31.000 km² dokumentéiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Petra Demmler: Das Meer. Wasser, Eis und Klima. Eugen Ulmer, Stuttgart 2011, ISBN 978-3-8001-5864-5, S, 62 ff. (Kapitel: Eis auf dem Meer.)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eisberg – Biller, Videoen oder Audiodateien