Égide Walschaerts

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Égide Walschaerts
Egide Walschaerts.jpg
Gebuer 21. Januar 1820
Mechelen
Gestuerwen 18. Februar 1901
Saint-Gilles - Sint-Gillis
Nationalitéit Belsch
Educatioun Universitéit vu Léck
Aktivitéit Ingenieur
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Égide Walschaert, gebuer den 21. Januar 1820 zu Mechelen a gestuerwen den 18. Februar 1901 zu Saint-Gilles, war e belschen Ingenieur an Erfinder.

De Walschaerts hat 1844 d'Kulissesteierung fir Damplokomotiven erfonnt. D'Walschaerts-Steierung gouf praktesch op de Lokomotiven an der ganzer Welt agesat, fir d'éischt op der belscher Staatsbunn, dunn nodeem eng Lokomotiv déi an den Ateliere vun Tubize gebaut gouf, 1873 op der Weltaustellung zu Wien eng Golmedail krut, vun 1859 un a Frankräich, vun 1874 un an Amerika a vun 1876 un an England. Am däitschsproochege Raum gouf deen Distributiounssystem Heusinger-Steierung genannt, wéinst dem Edmund Heusinger von Waldegg, dee se onofhängeg vum Walschaerts kuerz duerno och erfonnt hat.

De Walschaerts hat och op der Corliss-Dampmaschinn Verbesserunge gemaach, fir déi hien op der Weltausstellung vu Paräis 1878 och eng Goldmedail krut.

Fonctionnement vun enger Walschaerts-Steierung

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]