Élisabeth Hack

Vu Wikipedia
Élisabeth Hack
Gebuer 8. Dezember 1860
Iechternach
Gestuerwen 16. Februar 1933
Paräis
Aktivitéit Mäzen
Famill
Liewenspartner(in) Henry Havard

D'Élisabeth (Élise) Hack, gebuer den 8. Dezember 1860 zu Iechternach, a gestuerwen de 16. Februar 1933 zu Paräis,[1] war eng lëtzebuergesch Mäzenin.[2]

Si gouf an eng Famill vun 11 Kanner gebuer. Hire Papp, de Philipp Hack (1821-1886), war Aulebäcker.

Am Alter vun 20 Joer ass si op Paräis gaangen, wou si als Déngschtmeedchen an der Famill vum Henry Havard (1838-1921)[3] geschafft huet an de Rescht vun hirem Liewe verbruecht huet.

Nom Doud vum Havard senger Fra am Joer 1865, huet si an der Koppel zesumme mat him gelieft.[4]

Wéi d'Widmunge vun de Kënschtler op hire Wierker et weisen, war d'Élisabeth Hack aktiv um Zesummestelle vun der Konschtsammlung vun hirem Partner bedeelegt. 1921, nom Doud vum Henry Havard huet si als Universalierwin d'Konschtsammlung geierft.

Schonn 1905 hat d'Élise Hack dem Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg en Don vun iwwer 30 Konschtwierker vu franséische Kënschtler proposéiert. 1922 huet si der Stad 16 Uelegbiller, 9 Aquarellen, 4 Zeechnungen, 13 Gravuren a 4 äerde Skulpture geschenkt. D'Wierker sinn haut an de Kollektioune vun der Villa Vauban.

D'Élisabeth Hack an den Henry Havard sinn zesummen an engem Graf um Kierfecht zu Vincennes begruewen.

Ausstellung an der Villa Vauban (2021)[änneren | Quelltext änneren]

Vum 3. Juli bis den 10. Oktober 2021 ginn an der Villa Vauban d'Wierker aus der Hack-Sammlung ënner dem Titel «Pour Élise». La collection Hack et l'art à Paris à la Belle Époque ausgestallt.[5]

D'Tableaue si vum Georges Hyppolyte Dilly (1876-1942), Léopold Flameng (1831-1922), Félix Bracquemond (1833-1914), Marie Augustin Zwiller (1850-1939) a Jean Laronze (1837-1952). Donieft ginn nach Biller aus der Havard-Sammlung vum Musée des Ursulines zu Mâcon an och eng Auswiel vun anere Biller vun den ausgestallte Kënschtler gewisen, déi vun anere franséische Muséeë kommen.

Parallel zur Ausstellung ass e Katalog mam selwechten Titel erauskomm.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Marianne Brausch, 2021. Peintures pour le «pays». Une fidèle servante hérite de son maître et lègue ses tableaux à son pays natal. La Villa Vauban l'expose après une requête vieille de cent ans. d'Lëtzebuerger Land vum 9. Juli 2021, S. 15.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • Pour Élise op der Websäit vun der Villa Vauban [1]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Luxroots: Gebuerts- a Stierfdatum.
  2. Source fir dësen Artikel, wann net anescht uginn: Marianne Brausch, d'Lëtzebuerger Land 2021.
  3. Den Henry Havard war e bekannte Konschtkritiker an -historiker.
  4. Den Henry Havard hat senger Fra versprach sech no hirem Doud net méi nei ze bestueden.
  5. Websäit vun der Villa Vauban. Gekuckt den 10. Juli 2021.