30 Seconds to Mars

Vu Wikipedia
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
30 Seconds to Mars
Grënnung: 1998
Genre: Rock
Website: http://www.30secondstomars.com
Grënnungsmemberen
Gesank & Gittar: Jared Leto
Drummer: Shannon Leto
Fréier Memberen
Gittar: Solon Bixler (2002-2003)
Gittar: Kevin Drake (2002-2003)
Aktuell Memberen
Gesank & Gittar: Jared Leto
Drummer: Shannon Leto
Bass-Gittar: Matthew Wachter (zanter 2002)
Keyboard, Gittar: Tomislav Milicevic (zanter 2003)

30 Seconds to Mars ass eng US-amerikanesch Rockband, déi vum Schauspiller Jared Leto a sengem Brudder Shannon Leto gegrënnt gouf.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Bridder Jared (Gesank, Gittar) a Shannon Leto (Battrie) hu schonn als Jugendlecher zesumme Musek gespillt. Ënner verschidde Bandnimm si se a méi klenge Cluben opgetruede bis se 1998 vun Immortal Records (Virgin Records) als 30 Seconds to Mars ënner Contract geholl goufen. De Bandnumm ass, no enger Ausso vum Jared Leto, eng Kapiteliwwerschrëft aus engem Thesepabeier vun engem fréieren Harvard-Professer.

Am August 2002 hu se hiren éischten Album verëffentlecht, deen de selwechten Numm wéi d'Band huet a vum Bob Ezrin an dem Brian Virtue produzéiert gouf. Beim Ophuelen huet de Shannon Leto Battrie gespillt, wärend den Jared, nieft dem Gesank, och de Rescht vun den Instrumenter iwwerholl huet. Hie selwer huet ausserdeem d'Lidder selwer geschriwwen. Eleng an den USA huet sech den Album an de nächsten dräi iwwer 100.000-mol verkaaft.

Fir déi uschléissend Tour am Joer 2002/2003, wou se fir bekannte Bands wéi The Used, Puddle of Mudd an Incubus als Virgrupp opgetruede sinn, hu sech hinnen als Bassist de Matthew Wachter an als Gittaristen de Solon Bixler an den Kevin Drake ugeschloss. Den Drake huet awer schonn no kuerzer Zäit d'Band nees verlooss. Seng Plaz huet de Gittarist a Keyboarder Tomislav Milicevic ageholl.

Den 30. August 2005 ass hiren zweeten Album A Beautiful Lie erauskomm. Produzent war dës Kéier den Josh Abraham, dee schonn de Grammypräméierten Album vu Velvet Revolver produzéiert huet. E gudden Deel vun den Texter fir den Album gouf schonn op der Tour vum Debutalbum an um Dréi-Set vun Alexander geschriwwen. Opgeholl gouf A Beautiful Lie op véier verschidde Kontinenter a fënnef verschidde Länner: nieft den USA ënner anerem och a Marokko, Thailand a Südafrika. Aus enger Auswiel vu véierzeg Lidder hunn et nëmmen zéng op den Album gepackt, derbäi koumen nach zwee Bonus-Tracks (ënner anerem d'Coverversioun vum Björk sengem Hunter). Dëst war néideg, well den Album schonn e puer Méint virun der offizieller Verëffentlechung am Internet ze kréie war. No nëmme fënnef Méint huet A Beautiful Lie d'Debutalbum iwwerholl, den 12. Januar 2006 waren iwwer 100.000 CDen iwwer d'Buttéksthéik gaangen.

No knapps aacht Méint war d'Band 2005 non-stop op Promotion-Tour fir A Beautiful Lie an ass als Virband fir Audioslave a Seether opgetrueden. Vun Ufank Mäerz bis uganks Juni 2006 ware se op hirer éischter offizieller a, mat villen ausverkaafte Concerten, ganz erfollegräicher eegener Tour, déi sech Forever Night - Never Day nennt. 30 Seconds to Mars huet mat verschiddene Bands de Summer duerch op Festivalle gespillt, sou och um Rock am Ring.

Wierkung a Stil[änneren | Quelltext änneren]

De Frontman Jared Leto leet grousse Wäert drop, datt d'Band net soll wéinst senger Filmkarriär, mä wéinst hirer musekalescher Qualitéit bekannt ginn. Sou goufen an der Vergaangenheet schonn Optrëtter ofgesot, well d'Show mat sengem Numm Reklamm gemaach huet.

30 Seconds to Mars benotzen eng bandeege Iconographie a Symbolik. D'Band huet scho méi dacks an Interviewen ernimmt, datt 30 Seconds to Mars a senger Gesamtheet e "Konschtprojet" wier. D'Bedeitung vun de verschiddene Symboler a Graphiken ass onkloer, Interpretatioune goufe vun der Band ni confirméiert. Leedsproch vun der Band ass dat laténgescht Spréchwuert provenhito in altum, dat mat "Sprang virun an d'Déift (an d'Onbekannt)" oder och Marschéier weider zu méi héijen Niveauen iwwersat ka ginn.

Tëscht der Band an der Fancommunity, déi Echelon genannt gëtt, ass e grousse Kontakt iwwer en internen Internetforum (Acropolis).

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Alben[änneren | Quelltext änneren]

Releasedatum Titel Label US-Album-Charts-Positioun US-Verkeef
27. August 2002 30 Seconds to Mars Virgin Records 64 Billboard Top 200 102,000
30. August 2005 A Beautiful Lie Virgin Records 64 Billboard Top 200 1,400,245
8. Dezember 2009 This Is War Virgin Records 64 Billboard Top 200
2013 Love, Lust, Faith and Dreams Virgin Records
2018 America Interscope Records
2023 It's the End of the World but It's a Beautiful Day

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Titel Chart Positioun US Modern Rock Album
2002 Capricorn (A Brand New Name) 31 30 Seconds to Mars
2002 Edge of the Earth 30 Seconds to Mars
2005 Attack 22 A Beautiful Lie
2006 The Kill 3 A Beautiful Lie
2006 From Yesterday 1 A Beautiful Lie
2007 A Beautiful Lie 37 A Beautiful Lie
2009 Kings and Queens 1 This Is War
2010 This Is War This Is War

Songs op Soundtracken[änneren | Quelltext änneren]

Echelon um Soundtrack zu „The Core“ (2003)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Rock am Ring 2007

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: 30 Seconds to Mars – Biller, Videoen oder Audiodateien