3C 273

Vu Wikipedia
3C 273
Foto, opgeholl mam Hubble-Weltraumteleskop.
Stärebild Virgo (Vir)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 12h 29m 6,8s
Deklinatioun + 2° 3' 7"
Ausgesinn
Visuell Magnitude 12,86 mag
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) 2.436.000.000
Routverrécklung 0,158339 ± 0,000067
Absolut Hellegkeet -26,7
Geschicht
Entdecker Maarten Schmidt a Bev Oke
Entdeckungsdatum 1963
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
PGC 41121

3C 273 ass d'Bezeechnung vum visuell hellste Quasar um Stärenhimmel. Den 3C 273 war den éischte Quasar, wou entdeckt gouf. Den Objet läit am Stärebild Virgo a steet an der Géigend vun der Ekliptik. Hie kann heiansdo vum Äerdmound bedeckt ginn. Seng Routverrécklung ass z = 0,158, woumat sech seng Liichtkraaftdistanz am ΛCDM-Modell zu 746,9 Mpc respektiv 2,436 Milliarde Liichtjoer ergëtt. Iwwer de Reverberatioun-Mapping huet sech d'Mass op 886 ± 187 Millioune Sonnemasse bestëmme gelooss.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Maarten Schmidt huet 1963 bei Ënnersich vum Martin Ryle senger kartographéierter kosmescher Radioquelle entdeckt, datt den 3C 273 aus dem Ryle sengem Third Cambridge Catalogue („3C“) eng ganz héich Routverrécklung huet, déi net zu engem punktfërmegen Eenzelstär passt. D'Radiogalaxis 3C 273 war dofir, wéi sech erausgestallt huet, nëmme „quasi stellar“, wat zum Numm „Quasar“ gefouert huet.

Hellegkeet an Observatioun[änneren | Quelltext änneren]

Den 3C 273 huet eng Hellegkeet vun +12,86 mag souwéi eng absolut Hellegkeet vun −26,7 mag. Domat ass de Quasar 300 mol méi hell wéi d'Mëllechstrooss an 4,1 Billioune mol méi hell wéi eis Sonn.

An enger klorer Nuecht ass den 3C 273 als liichtende klenge Punkt am Okular vun engem gudden Amateurteleskop z'erkennen. Den Objet steet op ongeféier 4° an ost-ost-südlecher „8 Auer“-Richtung vum 16 Vir (5 mag). Wéinst der minimer visueller Hellegkeet ass de Quasar awer nëmme mat enger ganz gudder Stärekaart sécher ze fannen. Fir eng graff Orientéierung kann déi Stärekaart ënne geholl ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]