Amicale des étudiants luxembourgeois à Karlsruhe

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) AELK)
AELK-Logo

D'Amicale des étudiants luxembourgeois à Karlsruhe, kuerz AELK, ass e Veräin ouni politesch, reliéis oder aner Zwecker ausser deem, dem Student säi sauert Liewen duerch e bësse Folklore z'erliichteren. D'AELK, déi schonn zanter méi wéi 50 Joer besteet, gouf de 24. Februar 1955 gegrënnt an huet eng ronn 70 Memberen.

D'Lëtzebuerger zu Karlsruhe waren a si ganz innovativ. Nieft ville gudden Iddie staamt och d'Iddi vun der REEL (Réunion Européenne des Étudiants Luxembourgeois) aus enger Karlsruher Fieder. D'REEL ass ee grousst Treffe vun ëm déi 150 Lëtzebuerger Studenten, dat all Joer an enger anerer Stad ofgehale gëtt. Direkt déi éischt Editioun 1984 war zu Karlsruhe a fir de 15. Jubiläum 1999 ass d'REEL zeréck an d'Fächerstad komm. Och 1984 an och op eng Initiativ vu Karlsruher Studente gegrënnt, versteet sech d'ACEL (Association des Cercles d'Etudiants Luxembourgeois) als Daachverband vun all de Lëtzebuerger Studentencerclen zu Lëtzebuerg an am Ausland, e Genre Studentegewerkschaft, an där d'Studenteclibb federéiert sinn.

D'Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

Wärend dem Semester organiséiert d'AELK Aktivitéiten déi méi oder manner traditionell um Programm stinn: d'Baggerséifest fir de Lëtzebuerger Nationalfeierdag, d'Aweiung fir déi Nei ëm Niklosdag, e Quizowend, Paintball-, Billard- a Bowlingtournoien, Clubreesen (z. B. op Prag, München oder Stockholm), Industrievisiten an ettlech Stammdëscher.

Ëm den 1. Mee ass dann den "Dag am Mee" (alt erëm eng Iddi vu Karlsruhe), wou zanter 2003 Lëtzebuerger Studente vu Karlsruhe, Oochen, Stroossbuerg, Freibuerg, Kaiserslautern an Heidelbierg bei enger "Activité Intercercle" vum Allerfeinsten am Foussball, Beachvolley souwéi an engem Quiz géinteneen untrieden.

Dat alles si nëmmen e puer vu villen Aktivitéiten déi de Membere gebuede ginn, wärend dem Semester all Woch. Heiansdo fuere si duerch d'Géigend, z. B. eng "tarte flambée" an den Elsass iessen, Glühwäin op den Heidelberger Chrëschtmaart drénken oder op Stroossbuerg mat de Meedercher diskutéieren.

D'Fitness[änneren | Quelltext änneren]

Sportlech ass d'AELK och: Zanter Joren huele si um "Tournoi Universitaire" deel, engem Turnéier dee vun der LASEL organiséiert gëtt a bei deem all d'Studenteclibb sech no Chrëschtdag zu Lëtzebuerg an de Sportaarte Foussball, Volleyball a Basketball moossen. Kuerz duerno, am Januar, steet dann d'Schivakanz um Programm wou si an engem Schigebitt e Chalet lounen a sech am Schi an am Après-Schi testen.

Weider as nach déi traditionell Vëlosheemrees z'ernimmen: Ufank Juli fuere se a 5 Etappe vu Karlsruhe op Lëtzebuerg (215 km), en absolutte Muss fir all Sportler. 2004, wéi si dat fir ee gudden Zweck gemaach hunn, sinn iwwer 2500 Euro gesammelt ginn a si goufe vun engem RTL-Kamerateam begleet, vum Félix Eischen op der Tëlee presentéiert a vun der Police vu Réimech bis an d'Stad Lëtzebuerg eskortéiert. 2006, ouni RTL awer nees mat der Police, konnte si iwwer 1600 Euro spenden.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]