AGILE
Ausgesinn
| AGILE | |
|---|---|
| Typ | Fuerschungssatellit |
| Land | Italien |
| Agentur | ASI |
| Apogeum | 524 km |
| Perigeum | 553 km |
| Bunnschréi | 2,5° |
| Mass | 325 kg |
| Bunn-Ëmlafzäit | 95,4 min |
| Start | 23. Abrëll 2007, 10:00 UTC |
| Startplaz | Satish Dhawan Space Centre |
| Drorakéit | PSLV-C8 |
| Status | aktiv |
AGILE (italieenesch Astro-rivelatore Gamma a Immagini LEggero) ass e Klengsatellit vun der italieenescher Raumfaartagentur ASI op der Basis vun der Plattform Mita, deen d'Entreprise COSMOS mat der indescher Drorakéit PSLV-C8 den 23. Abrëll 2007 op eng 550 km héich equatorial Ëmlafbunn geschéckz hat. De Satellit hat d'Firma Carlo Gavazzi Space gebaut.
D'Notzlascht besteet aus engem ofbildende 60°-Wäitwénkel-Detekter fir haart Gammastralung, deen de Weltraum no Gammablëtzer an anere héichenergetesche Stralungssquellen ofsiche soll. D'Date sent den AGILE mat engem Rubin-Modul iwwer d'Orbcomm-System op d'Äerd.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (en) AGILE-Websäit
