Op den Inhalt sprangen

Aacht Deeg an der Woch

Vu Wikipedia
Aacht Deeg an der Woch
Buchstyp Roman
Auteur Jhemp Hoscheit
Ursprongsland Lëtzebuerg
Erauskomm 2006
Verlag Éditions Guy Binsfeld
Sprooch Lëtzebuergesch
Manuskript: De Plang vum Opbau vum Roman (Ausschnëtt)

Aacht Deeg an der Woch ass den Numm vun engem Roman vum Jhemp Hoscheit aus dem Joer 2006.

Ëm wat geet et?

[änneren | Quelltext änneren]

De Roman erzielt, streng chronologesch, den Alldag vun e puer Escher Jonge vu 16-17 Joer an hire Famillen, an de Woche vum Mee 68. D'Studentenonrouen zu Paräis op der Televisioun sinn de Kontrastprogramm zum rouege Lëtzebuerg, wou awer och op eemol verschidde Saachen a Fro gestallt ginn.

Den Titel bezitt sech op d'Lidd vun de Beatles, Eight Days a Week. D'Beatles-Musek, déi de Pol, ee vun de Jongen, begeeschtert lauschtert, zitt sech wéi e roude Fuedem duerch d'Buch an hëlleft him an alle Liewenslagen, net zulescht a Saache Léift...

Dem Jhemp Hoscheit säin Heft, an dat en als Jugendleche Beatles-Lidder agedroen huet

Bibliographie

[änneren | Quelltext änneren]
  • Jhemp Hoscheit: Aacht Deeg an der Woch. Roman. Éditions Guy Binsfeld, 2006. ISBN 2-87954-159-X