Op den Inhalt sprangen

Abell 39

Vu Wikipedia
Date vum Abell 39
Foto opgeholl mat dem 32-Zoll-Reflekter um Mount Lemmon SkyCenter
StärebildHercules (Her)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun16h 27m 33.7s
Deklinatioun+ 27° 54' 33"
Ausgesinn
NiwweltypPlanetareschen Niwwel
Visuell Magnitude (visuell)integriert: 13,7 mag
Wénkelduerchmiesser155,1 × 154,5
Liichtjoer6800
EntdeckerGeorge Ogden Abell
Entdeckungsjoervirum August 1955
Katalogbezeechnungen
Abell 39, IAU G047.0+42.4, PK 047+42 1, ARO 180

Den Abell 39 ass e planetareschen Niwwel mat klenger Flächenhellegkeet am Stärebild Hercules. Et gëtt ugeholl, datt den Niwwel ronn 6800 Liichtjoer vun der Äerd a 4600 Liichtjoer vum galaktesche Plang ewech ass. En huet eng bal sphäresch Geometrie.

Seng Bezeechnung ergëtt sech aus dem Vermierk vum George Ogden Abell am Abell Catalog of Planetary Nebulae aus dem Joer 1966.

Den Zentralstär vum Niwwel läit ëm ongeféier 2 (zirka 0,1 Liichtjoer) westlech vum Zentrum. Et geet ee bei der Mass vum Zentralstär vun 0,6 M aus, wärend déi ausgestousse Matière vum Niwwel eng Mass vun 0,6 M huet.

Portal Astronomie