Académie Internationale de Lutèce

Vu Wikipedia

D'Académie Internationale de Lutèce A.I.L., ënnerstëtzt vun der Stad Paräis, vun där si och d'Vermeil-Medail kritt huet, ass eng philanthropesch Organisatioun, déi a kulturellen, wëssenschaftlechen an artistesche Beräicher aktiv ass. Hire Sëtz ass zu Paräis, impasse de l'astrolabe, 4 Villa de l'Astrolabe.

Hir Memberen a Spender kommen aus der ganzer Welt. Si ass den 23. Abrëll 1965 zu Paräis gegrënnt ginn[1] an ënnerstëtzt d'Ausbreede vu ville kulturellen an artisteschen Aktivitéiten an Domainer wéi z. B.:

D'A.I.L. organiséiert Concoursen, Expositiounen, Seminären, Rieden, Concerten, signéiert Oploen an Editiounen, all Mount Poetico-artistesch Versammlungen zu Paräis (Club de Lutèce).

D'Académie de Lutèce vergëtt och Belounungen iwwer de Wee vu Concoursen oder fir extra Verdéngschter ze wierdegen an zwar: Diplomer, Medailen (Bronz,Sëlwer,Vermeil a Gold), Coupes de Lutèce, Plaquetten, Louis d'Or de Lutetia, Trophäen. Hire Slogan ass: faire connaître les oeuvres et leurs acteurs.

D'Organisatioun wëllt politesch neutral sinn an ënnerstëtzt aner philanthropesch an altruistesch Veräiner.

De Kader vun der A.I.L. besteet aus engem Haaptpresident, engem Éierepresident, engem Vizepresident, Sektiounsdirekteren, engem Haaptdelegéierten, europäeschen Delegéierten (ee pro Land), een Delegéierte fir all Land iwwer Europa eraus a franséischen Delegéierten (ee pro Departement).

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Agedroen ënner der Nummer:65-541 op der Paräisser Prefecture