Op den Inhalt sprangen

Ahornen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Acer)
Ahornen
Biergahorn
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Uerdnung Sapindales
Famill Sapindaceae
Ënnerfamill Hippocastanoideae
Wëssenschaftlechen Numm
Acer
Linnaeus


Ahornen (Acer) sinn eng Gattung Beem aus der Famill vun de Sapindaceae, Ënnerfamill Hippocastanoideae.

Jee no Auteur gëtt et 110 bis 200 Ahornaarten.

Verbreedungskaart vun der Gattung Acer

D'Gattung Acer kënnt am nërdlechen Afrika vir, an Eurasien, Zentral- an Nordamerika. D'„Acer“-Aarte wuessen an temperéierten, subtropeschen an tropesche Klimazonen, an den Tropen awer nëmmen an de Bierger.

Zanter den Äiszäiten sinn an Europa just nach e puer Ahorn-Aarten doheem. A Westeuropa komme nieft dem Spatzahorn (Acer platanoides), dem Aaschtert (oder Biergahorn; Acer pseudoplatanus) an dem Maasselter (Acer campestre) och de Franséischen Ahorn (Acer monspessulanum), den Acer opalus an den Acer tataricum wëll vir.

D'Gattung Ahorn gëtt an eng Rëtsch Sektiounen (sect.) ënner-agedeelt, a, wou et muss sinn, a Serien (ser.):

  • Sektion (sect.) Acer
    • ser. Acer
    • ser. Monspessulana
    • ser. Saccharodendron        
  • Sektion (sect.) Ginnala: Mat just enger Aart a véier Ënneraarten
  • Sektion (sect.) Glabra
    • ser. Arguta
    • ser. Glabra
  • Sektion (sect.) Hyptiocarpa
  • Sektion (sect.) Indivisa
  • Sektion (sect.) Lithocarpa
    • ser. Lithocarpa
    • ser. Macrophylla
  • Sektion (sect.) Macrantha
  • Sektion (sect.) Negundo
    • ser. Cissifolia
    • ser. Negundo
  • Sektion (sect.) Palmata
    • ser. Palmata
    • ser. Penninervia
    • ser. Sinensia
  • Sektion (sect.) Parviflora
    • ser. Caudata
    • ser. Distyla
    • ser. Parviflora
  • Sektion (sect.) Pentaphylla
    • ser. Pentaphylla
    • ser. Trifida
  • Sektion (sect.) Platanoidea
  • Sektion (sect.) Pubescentia
  • Sektion (sect.) Rubra
  • Sektion (sect.) Trifoliata
    • ser. Grisea
    • ser. Mandshurica
  • Sektion (sect.) Wardiana
Fändel vu Kanada

D'Ahornblat ass ee Symbol vu Kanada an ass zanter 1965 um kanadesche Fändel.

Commons: Ahornen – Biller, Videoen oder Audiodateien