Achêne
Ausgesinn
Achêne | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Provënz Namouer |
Arrondissement | Dinant |
Gemeng | Ciney |
Fläch | 1 748 |
Koordinaten |
50° 15’ 59’’ N 05° 02’ 40’’ O |
Telefonszon | 083 |
Postcode | 5590 |
Achêne ass eng Sektioun vun der belscher Stad Ciney an der Provënz Namouer.
Bis zu der belscher Gemengereform vun 1977 war Achêne eng eegestänneg Gemeng. Zu der fréierer Gemeng hunn nach d'Uertschafte Fays an Onthaine gehéiert.
Achêne ass en typescht Bauerenduerf a läit am Dall vun der klenger Baach Naclinal déi d'Weiere vun Taviet fiddert. Taviet huet fréier zu Ciney gehéiert a koum 1977 bei de Gemengefusiounen an d'Gemeng Dinant.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- D'Schlass vun Achêne
- D'Schlass vun Onthaine
- D'Kierch Saint-Clément déi 1949 klasséiert gouf
- De Bauerenhaff Ferme de Prêt
| |||
Ciney - Achêne - Braibant - Chevetogne - Conneux - Leignon - Pessoux - Serinchamps - Sovet |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Achêne – Biller, Videoen oder Audiodateien |