Actors.lu

Vu Wikipedia

Actors.lu ass e Veräin ouni Gewënnzweck, deen am Joer 2010 gegrënnt gouf.[1]

An engems ass Actors.lu den Internetsite vun Schauspiller, déi reegelméisseg zu Lëtzebuerg wunnen oder schaffen, mam Zil fir d'Visibilitéit vu senge Memberen ze garantéieren. De Site ass e wesentlecht Instrument fir Casting-Direkteren, Film- a Theaterregisseuren zu Lëtzebuerg an am Ausland.

2012 war Actors.lu ee vun de Grënnungsmembere vun der FILMAKADEMIE zesumme mat der ALTA, der LARS, der ULPA, dem CNA an dem Film Fund Luxembourg. Derbäi koumen zanterhier d'F.M.A.I.V. an d'FLAC.

Actors.lu ass zanter 2017 och Member vun der ASPRO.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

https://www.Actors.lu

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Offiziell Schreifweis an der Immatrikulatioun beim RCS de 25/03/2010 ënnert der Nr. F8291.