adrenalin, déi jonk adr

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Adrenalin (ADR))


Dësen Artikel beschäftegt sech mat der politescher Jugendorganisatioun "ADRenalin". Fir aner Bedeitunge vum Wuert, kuckt wgl. Adrenalin (Homonymie).
Logo Parteizentral
Waassergaass 20

L-1449 Lëtzebuerg

Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 17. Juli 1999
President: Maksymilian Worosyzlo
Generalsekretär: Gilles Carlizzi
Vizepresident: Tom Agnes, Felix Reding
Keessier: Nathalie Breyer
Internetsäit: adr.lu/ADRenalin
ADR-Jugend Logo 1999-2008

D'ADRenalin, déi jonk ADR ass d'Jugendorganisatioun vun der ADR.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'ADRenalin gouf de 17. Juli 1999, deemools nach ënner dem Numm ADR-Jugend resp. ADR-J zu Réimech gegrënnt. Am Mäerz 2009 huet sech d'Jugendsektioun dunn den Numm adrenalin - déi jonk adr ginn an ass mat senge Membere bei de Chamberwalen 2009 an 2014 ugetrueden. D'adrenalin ass zanter dem 4. Dezember 2011 Member an der europäescher Jugendorganisatioun European Young Conservatives (EYC) déi der Partei vun den Europäesche Konservativen a Reformisten (ECR-Party) nosteet.

Presidenten[änneren | Quelltext änneren]

Struktur[änneren | Quelltext änneren]

Nationalkongress[änneren | Quelltext änneren]

Den ieweschte Gremium ass de Jugendnationalkongress, op deem d'Memberen den Nationalkommitee fir ee Joer wielen. Den Nationalkongress ass fir jiddwereen op, wielbar a stëmmberechtegt sinn allerdéngs just d'Membere vun der adrenalin. Nieft der Wal vum neien Nationalkommitee gëtt do de Bilan iwwer d'Joresaktivitéite gezunn, de Keeserapport presentéiert an déi politesch Prioritéite fir dat neit Legislaturjoer gestëmmt.

Nationalkommitee[änneren | Quelltext änneren]

Den Nationalkommitee, de sech klassescherweis aus dem Nationalpresident, dem Generalsekretär, dem Vizepresident an dem Generalkeessjee, souwéi de Kommiteesmemberen zesummesetzt, huet déi effektiv Leedung vun der Jugendorganisatioun, speziell an Hisiicht op administrativ Aarbechten a politesch Exekutioun vun de Beschlëss.

Allgemeng Memberversammlungen[änneren | Quelltext änneren]

Nieft dem Nationalkommitee, hält d'Jugendorganisatioun och nach Memberversammlungen of.

Verbindung mat der Mammepartei[änneren | Quelltext änneren]

D'adrenalin, déi jonk ADR gouf a Form vun enger onofhängeger Asbl nieft der Parteistruktur vun der ADR gegrënnt. Doduerch krut d'Jugend eege Statuten an eege Gremien. Am Laf vun de Joren huet sech d'Praxis etabléiert, datt d'adrenalin Representanten an d'Parteigremie vun der ADR schécke kann. Um Nationalkongress vun der ADR den 3. Abrëll 2011 zu Uewerkuer gouf an enger Statutenännerung festgehalen, datt d'adrenalin dauerhaft zwéi stëmmberechtegt Representanten am Nationalkommitee vun der ADR an ee stëmmberechtegte Member an der Exekutiv vun der ADR huet.

Am Abrëll 2011 koum et zu enger ëffentlecher Kritik[4] vun der Jugend un hirer Mammepartei, déi sech op hirem Nationalkongress ze simplistesch a mëssverständlech zur Asylpolitik geäussert huet, wat der Opfaassung vun der Jugend no e schlecht Bild op déi ganz Partei gehäit huet.

No de Gemengewalen am Oktober 2011 ass een Deel vum adrenalin-Nationalkommitee, ëm den ëmstriddenen Nationalpresident Andy Maar, zeréckgetrueden an huet d'Partei verlooss[5]. De 26. November gouf een ausseruerdentleche Kongress aberuff, op dem een neien Nationalkommitee eestëmmeg gewielt gouf. Dëse gouf den 12. Februar 2012 um uerdentlechen Nationalkongress eestëmmeg bestätegt; ee Member huet e verlooss an de Christian Jost ass fir de Josh Gamaliel nogeréckelt, deen un de Suitte vun engem Autosaccident gestuerwe war. Op deem Kongress goufen och nei Statuten eestëmmeg ugeholl.

Am Mäerz 2012 huet d'adrenalin hir eege Virschléi fir d'Stäerkung vun der Demokratie an enger Pressematdeelung publizéiert. D'adrenalin huet sech fir méi Demokratie op nationalem, wéi och op europäeschem Plang ausgeschwat an huet verschidde Fuerderunge vun der ADR iwwerholl (eng proportionell Vertriedung am Staatsrot vun alle Parteien déi an der Chamber sinn), respektiv méi däitlech formuléiert (erkennbar duerch d'Antriede fir direkt Demokratie)[6].

Ufank Juni 2012 sinn den Dany Sobral, Vizepresident vun der Jugendorganisatioun ADRenalin, déi jonk ADR an den, als associéierte Member kooptéierte, Generalsekretär Timon Müllenheim vun hire Posten an allen domat verbonnene Funktiounen zeréckgetrueden, nodeem et organisatoresch Onstëmmegkeete mat der Mammepartei ëm de Gebrauch vun de sougenannten Neie Medien gouf.

Sujete vun der adrenalin[änneren | Quelltext änneren]

D'Sujete vun der ADRenalin sinn[1]:

  • Lëtzebuerger Sprooch, Kultur a Geschicht
  • Méi Demokratie a géint Extremismus
  • Jugend a Famill
  • Bildung an Integratioun
  • Europa vun de Natiounen
  • Onofhängeg an objektiv Medien
  • Rentegerechtegkeet
  • Déiereschutz
  • Behënnerterechter
  • Verdeedegung vun den traditionelle Wäerter

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Neie Schwonk bei der adrenalin". adr.lu. 18 May 2015.
  2. "Luxprivat: Joe Thein neuer Präsident der Jung-ADR". www.luxprivat.lu. Archived from the original on 2017-07-21. Retrieved 2017-03-20.
  3. ADRenalin hat einen neuen Präsidenten, Luxemburger Wort vum 6. Mee 2022, S. 8
  4. Pressekommuniqué: Lag vun Natioun vum 6. Abrëll 2011 an Asylpolitik
  5. Pressekommuniqué: Nationalkommitee vun der Adrenalin opgeléist
  6. http://adr.lu/partei/adrenalin-dei-jonk-adr/261-qrefresh-democracyq-virschlei-zur-staerkung-vun-der-demokratie