Adriatescht Mier
D'Adriatescht Mier, kuerz Adria; (lat.: Mare Adriaticum, it.: Mare Adriatico, an de südslawesche Sproochen Jadransko more oder einfach Jadran, Sloweenesch: Jadransko morje, Albanesch: Deti Adriatik), ass e laanggezunnene Säitebaseng vum nërdleche Mëttelmier. Et ass no der Stad Adria an Italien (Provënz Rovigo) genannt ginn. D'Strooss vun Otranto ass seng südlech 'Grenz'; et trennt Apenninhallefinsel vun der Balkanhallefinsel.
Staaten um Adriatesche Mier sinn Italien, Slowenien, Kroatien, Bosnien an Herzegowina (bei Neum), Montenegro an Albanien.
D'Adriatescht Mier ass vun Nordweste bis Südosten 820 Kilometer laang an an der Moyenne 160 km breet (gréisste Breet: 220 Kilometer). Et bedeckt eng Fläch vun 132.000 Quadratkilometer. Den nërdlechen Deel ass am Duerschnëtt tëscht 40 an 200 Meter déif, dee südlechen do dergéint ass e gutt Stéck méi déif, am déifsten ass et tëscht Durrës a Bari (1.260 Meter).
Tourismus
[änneren | Quelltext änneren]Den Tourismus laanscht d'Adria ass héich entwéckelt; bekannte Stied sinn:
- Italien: Venedeg, Ravenna, Rimini, Chioggia, Eraclea Mare, Jesolo, Caorle, Bibione, Grado, Ancona, San Benedetto del Tronto, Giulianova, Pescara, Vasto, Termoli, Vieste, Trani, Otranto.
- Kroatien: Dubrovnik, Rovinj, Poreč, Pula, Opatija, d'kroatesch Inselen, Zadar, Šibenik, Trogir, Split an d'Makarska-Riviera
- Slowenien: Portorož, Izola, Koper a Piran
- Montenegro: Bar, Budva, Herceg Novi, Kotor, Tivat, Ulcinj
- Bosnien an Herzegowina: Neum
- Albanien: Durrës, Vlora, Kavaja, Velipoja a Shëngjin
Häfen
[änneren | Quelltext änneren]Wichteg Hafestied sinn:
- an Italien: Triest, Venedeg mam Hafe vu Chioggia, Ravenna, Ancona, Pescara, Ortona, Bari, Brindisi
- a Slowenien: Koper
- a Kroatien: Pula, Rijeka, Ploče, Zadar, Split, Dubrovnik
- a Montenegro: Kotor, Bar
- an Albanien: Durrës, Vlora
Inselen
[änneren | Quelltext änneren]- Kroatien: Brač, Cres, Čiovo, Dugi Otok, Hvar, Ilovik, Ist, Jabuka, Korčula, Krk, Lastovo, Lopud, Lošinj, Mljet, Pag, Premuda, Olib, Rab, Šipan, Susak, Vis, Unije an eng jett méi: et gëtt der am Ganzen 1.246 wouvun der awer nëmme 47 bewunnt sinn.
- Montenegro: Sveti Stefan, Sveti Nikola an déi kleng Inselen an der Bucht vu Kotor: Mamula, Sveti Marko, Ostrvo Cvijeća („Blummeninsel“), Gospa od Škrpjela a Sveti Đorđe bei Perast
- Albanien: Sazan
- Italien: d'Tremiti-Inselen
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Adriatescht Mier – Biller, Videoen oder Audiodateien |