Air Rescue 2 ass d'Bezeechnung fir de Loftrettungsdéngscht deen den LAR-Helikopter benotzt, deen zu Ettelbréck nieft dem Centre hospitalier du Nord stationéiert ass an Asätz am Ëmkrees vu 50 km flitt.
De SAMUs-Dokter am Déngscht vum Centre hospitalier du Nord decidéiert bei der Alerte jee no Asazaart an Distanz bis bei d'Asazplaz, ob e mam Auto oder mam Rettungshelikopter bei de Patient bruecht soll ginn.