Air Rescue 1

Vu Wikipedia
Air Rescue 1
D'LX-HRC vum Air Rescue 1 iwwer der Stater Gare

D'LX-HRC vum Air Rescue 1 iwwer der Stater Gare
D'LX-HRC vum Air Rescue 1 iwwer der Stater Gare
Donnéeë vum Loftrettungszentrum
Bedreiwer: Luxembourg Air Rescue
Helikoptertyp: MD 902 Explorer
A Betrib zanter: 1. November 1991
Plaz: Zoustännege Stater Urgencespidol
Am Asaz vu(n): Moies 7 Auer bis zum Sonnenënnergang
Besonnesches: Wann néideg mat Bildverstäerkerbrëller ekipéiert
Besatzung
Pilot: Luxembourg Air Rescue
HEMS Crew Member: Luxembourg Air Rescue
SAMU
Dokter: vum zoustännegen Urgencespidol
Infirmier fir Anesthesie a Reanimatioun: vum zoustännegen Urgencespidol

Air Rescue 1 ass d'Bezeechnung fir de Loftrettungsdéngscht deen den LAR-Helikopter benotzt, dee bei deem Stater Spidol stationéiert ass, dat Urgencendéngscht huet, an dee vun do aus Asätz am Ëmkrees vu 50 km flitt. De SAMUs-Dokter vum Déngscht flitt allerdéngs net nëmme mam Rettungshelikopter, mä decidéiert bei der Alerte jee no Asazaart an Distanz bis bei d'Asazplaz, ob e mam SAMUs-Auto oder mam Rettungshelikopter bei de Patient bruecht soll ginn.

Asazstatistik[änneren | Quelltext änneren]

Joer 1991 1992 1993 1994 1995 1996 1997 1998 1999 2000 2001
Asätz 101 261 305 305 361 459 220 238 308 289 315
Joer 2002 2003 2004 2005 2006 2007 2008 2009 2010 2011 2012
Asätz 331 438 431 500 424 361 461 491 532 483 466
Joer 2013 2014 2015 2016
Asätz 418 389 361 377

[1]

Klinicken[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. LAR.LU: 2016 Rapport d'activités, Activités des hélicoptères de sauvetage, Säit 19