Akabane-Virus

Vu Wikipedia

Den Akabane-Virus ass e Virus aus der Gattung Orthobunyavirus dee bei Déieren, déi idderzen (Ruminantia), besonnesch bei Ranner, Geessen a Schof optrëtt. De Virus gouf fir d'éischt zu Akabane a Japan isoléiert, duerhir säin Numm.

De Virus gëtt duerch verschidden Aarte vu Mustiken a Gnitzen (eng Grupp vu Mécken), iwwerdroen a rifft meeschtens nëmmen eng harmlos Féiwer-Krankheet ervir. Bei trächtegen Déieren trëtt de Virus iwwer de Plazenta an de Foetus iwwer, wou e schwéier Missbildungen, besonnesch vum Nervesystem provozéiert.

Fir de Mënsch besteet keng Ustiechungsgefor, weeder duerch Kontakt mat kranken Déieren nach duerch de Konsum vu Fleesch.

De Virus gouf an Däitschland fir d'éischt an engem Laboratoire bei Schmallenberg nogewissen, woufir en dacks Schmallenberg-Virus an den däitsche Medie genannt gëtt.

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gouf den Akabane-Virus fir d'éischt am Februar 2012 bei engem neigebuerene Schof mat typesche Missbildungen am Éislek nogewisen.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Blozongekrankheet, eng aner duerch Mécken iwwerdroe Krankheet bei Déieren déi idderzen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • (mim), 2012. Schafe mit Schmallenberg-Virus infiziert. Luxemburger Wort vum 21. Februar 2012, S. 16.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort vum 21. Februar 2012.