Mustiken

Vu Wikipedia
Mustiken
Japanesch Iergermustik (Aedes japonicus)

Japanesch Iergermustik (Aedes japonicus)
Japanesch Iergermustik (Aedes japonicus)
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Klass: Insekten
Uerdnung: Diptera
Ënneruerdnung: Nematocera
Wëssenschaftlechen Numm
Culicidae
Meigen  (1818)

D'Mustiken (Culicidae) sinn eng Famill vun Insekten bannent der Uerdnung vun den Diptera (mat zwéi Flilleken). Weltwäit gëtt et méi wéi 3670 Mustikenaarten.[1] An Europa gëtt et 104 Aarten, vun deenen déi meescht och a Mëtteleuropa ze fanne sinn.[2] Mustike si weltwäit verbreet, si feele just an der Antarktis an op e puer isoléierten ozeaneschen Inselen, wéi z. B. Island. Besonnesch grouss suppeg Gebidder, wéi een s'an der Tundra an an der Taiga fënnt, sinn ideal Bruttplaze fir Mustiken.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Anatomie vun enger erwuessener weiblecher Nërdlecher Haus-Mustik (Culex pipiens), där heefegster Mustikenaart zu Lëtzebuerg.

Erwuesse Mustiken si feingliddereg Insekte mat zwéi Flilleken, déi seele méi grouss wéi 15 Millimeter ginn. Hir Gréisst ass ofhängeg vun der Aart, si gëtt awer och vun der Ernierung an hiren Entwécklungsstadie beaflosst.

Hir Flilleke bestinn aus feinem, hautaartegem Geweebe, deelweis mat Schuppe beluecht, a wéi all d'Dipteren hu si zwou Halteren (Schwéngkolben).

Hir Antenne si mëttellaang a villgliddereg, si hunn e Stiechrüssel ongeféier vun der selwechter Längt, e schlanke Kierper a laang Been. Mustike weien ongeféier 2 bis 2,5 Milligramm.

D'Männercher si meeschtens méi kleng wéi d'Weibercher. Et erkennt ee se haaptsächlech un hire buuschtegen Antennen. Weibercher vun der Ënnerfamill Culicinae hu Palpen, déi däitlech méi kuerz si wéi hire Stiechrüssel. Bei Männercher a Weibercher vun der Ënnerfamill Anophelinae sinn d'Palpen ongeféier sou laang wéi de Stiechrüssel.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

D'Liewe vun enger Mustik ass a véier verschidden Stadien agedeelt: Ee, Larve, Popp (Nymph) an Imago (dat erwuessent Déier).

Mustiken zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt et 28 Mustikenaarten (Stand: 15. Juni 2022).[3][4]

D'Fuerschung zu Lëtzebuerg iwwer Mustiken ass ganz rezent. Déi éischt Observatiounen zu Lëtzebuerg goufen an enger Etude iwwer d'Mustikenaart Anopheles maculipennis am Joer 1999 publizéiert.[5] Den éischte graffen Iwwerbléck iwwer d'Mustikefauna vu Lëtzebuerg gouf am Joer 2003 publizéiert.[6] 2016 huet den Naturmusée eng Etude iwwer invasiv Mustikenaarten zu Lëtzebuerg gemaach, well déi Wäissgezeechent Iergermustik (Aedes albopictus), och nach Asiatesch Tigermustik[7] genannt, amgaang ass, sech queesch duerch Europa auszebreeden. 7 Mustikenaarte goufen nogewisen, dorënner eng nei Aart fir Lëtzebuerg (Aedes vexans), mä et konnt keng invasiv Mustikenaart nogewise ginn.[8]

2018 huet en Awunner vu Stolzebuerg eng getigert Mustikenaart fonnt an dem Naturmusée 3 Specimene geschéckt, déi a sengem Genetikslaboratoire als déi invasiv Japanesch Iergermustik (Aedes japonicus) identifizéiert gouf.[9]

Am Kader vun engem Iwwerwaachungsprogramm vun der Santésdirektioun gouf 2022 déi Wäissgezeechent Iergermustik ("Asiatesch Tigermustik") zu Bierchem nogewisen a mat Erfolleg bekämpft.[10] Am Juli 2023 goufen am Kader vum selwechte Programm Eeër vun dëser Aart an der Géigend vu Capellen fonnt.[11]

Am Kader vum Fuerschungsprojet MosquitoLUX (2019-2022) sinn d'Mustikenaarte vu Lëtzebuerg systematesch kartographéiert ginn fir en Atlas vun de Mustikë vu Lëtzebuerg ze publizéieren.[12] De Projet gouf vum Naturmusée an Zesummenaarbecht mam Ëmweltministère an der Gesondheetsdirektioun ausgeféiert.

Tabell vun de Mustikenaarten, déi zu Lëtzebuerg virkommen[änneren | Quelltext änneren]

Wëssenschaftlechen Numm Ënnergattung Lëtzebuergeschen Numm[13] Éischten Noweis
Aedes albopictus (Frederick Askew Skuse,1894) Aedes Wäissgezeechent Iergermustik[7] 2022 [14]
Aedes annulipes (Meigen, 1830) Ochlerotatus Réngelfouss-Iergermustik 2001
Aedes cantans (Meigen, 1818) Ochlerotatus Sangereg Iergermustik 2001
Aedes cinereus Meigen, 1818 Aedes Äschegro Iergermustik 2001
Aedes communis (De Geer, 1776) Ochlerotatus Gewéinlech Iergermustik 2019
Aedes geminus Peus, 1970 Aedes Zweelaf-Iergermustik 2010
Aedes geniculatus (Olivier, 1791) Dahliana Wäissknéi-Iergermustik 2001
Aedes japonicus (Theobald, 1901) Hulecoeteomyia Japanesch Iergermustik 2018 [15]
Aedes punctor (Kirby, 1837) Ochlerotatus Provokant Iergermustik 2001
Aedes refiki (Medschid, 1928) Rusticoidus Refik-Iergermustik 2019
Aedes rusticus (Rossi, 1790) Rusticoidus Rustikal Iergermustik 2001
Aedes sticticus (Meigen, 1838) Ochlerotatus Getëppelt Iergermustik 2001
Aedes vexans s.l. (Meigen, 1830) Aedimorphus Stëppeleg Iergermustik 2016
Anopheles claviger s.s. (Meigen, 1804) Anopheles Keellëpsen-Nolmustik 2001
Anopheles daciae (Linton, Nicolescu & Harbach, 2004) Anopheles Rumänesch Nolmustik 2021
Anopheles maculipennis s.s. (Meigen, 1818) Anopheles Nolmustik mat gefleckte Flilleken 1997
Anopheles petragnani (Del Vecchio 1939) Anopheles Petragnani-Nolmustik 2021
Anopheles plumbeus (Stephens, 1828) Anopheles Bläifaarweg Nolmustik 2001
Coquillettidia richiardii (Ficalbi, 1889) Coquillettidia Richiardi-Ënnerwaassermustik 2001
Culex hortensis s.l. (Ficalbi, 1889) Maillotia Gaarde-Mustik 2005
Culex modestus (Ficalbi, 1889) Barraudius Bescheide Mustik 2019
Culex pipiens (Linnaeus, 1758) Culex Nërdlech Haus-Mustik 1997
Culex territans (Walker, 1856) Neoculex Onheemlech Mustik 2001
Culex torrentium (Martini, 1925) Culex Stroum-Mustik 1997
Culiseta annulata (Schrank, 1776) Culiseta Geréngelt Keeltmustik 2001
Culiseta glaphyroptera (Schiner, 1864) Culiseta Elegant Keeltmustik 2007
Culiseta longiareolata (Macquart, 1838) Allotheobaldia Laangzelleg Keeltmustik 2018
Culiseta morsitans (Theobald, 1901) Culicella Bësseg Keeltmustik 2001
Uranotaenia unguiculata (Edwards, 1913) Pseudoficalbia Fangernol-Himmelmustik 2019

Mustiken als Iwwerdréier vu Kränkten[änneren | Quelltext änneren]

Mustike si wichteg biologesch Iwwerdréier vu Kränkten op Mënsch an Déier. Beim Picken kënne mam Spaut vun de Mustiken Erreeger vu Kränkten (Virussen, Bakteerien souwéi eenzelleg oder méizelleg Parasiten) iwwerdroe ginn, déi d'Mustik bei enger viregter Molzecht opgeholl hat.

An deem Kontext ass et wichteg, datt d'Erreeger sech no der Pickür vun engem infizéierte Wiert an der Mustik reproduzéieren a bis an d'Spautdrüsen transportéiert ginn. Dofir mussen d'Erreeger respektiv hir dorop spezialiséiert Tëschestadien och d'Mustik infizéieren. Dofir kann net all Mustikenaart all Kränkt iwwerdroen. D'Zäit tëschent der Opnam vum Erreeger an der Capacitéit, fir e viru kënnen ze ginn, gëtt bei Mustiken an anere Krankheetsvecteuren, extrinsesch Inkubatiounsperiod genannt. Si hänkt vun der Temperatur of an dauert tëschent 10 a 14 Deeg. Wann deemno en infizéierte Vecteur e Wiert virum Oflaf vun der extrinsescher Inkubatiounsperiod pickt, ka keng Kränkt iwwerdroe ginn.

Zu de wichtegste Krankheetserreeger, déi vu Mustiken iwwerdroe ginn, ziele Plasmodien (Malaria), parasitär Wierm, déi am Lymph- oder Bluttgefäässystem liewen (Filariasis, Dirofilariasis), Virussen (Gielféiwer, Denge-Féiwer, West-Nil-Féiwer, Chikungunya-Féiwer, Rift-Valley-Féiwer) oder Bakteerien (Tularämie). Och an Europa gëtt et Kränkten, déi vu Mustiken iwwerdroe ginn. D'West-Nil-Féiwer an d'Chikungunya-Féiwer gehéieren zu de bekanntsten.

Wéinst dem Klimawandel kann een dovun ausgoen, datt zu Lëtzebuerg de Risiko vun enger Infektioun duerch Mustike mat der Zäit wäert zouhuelen.

Rotschléi fir d'Eliminatioun vu Mustikelarven a Wunngebitter[änneren | Quelltext änneren]

Rotschléi fir d'Eliminatioun vu Mustikelarven ronderëm d'Haus
Rotschléi fir d'Eliminatioun vu Mustikelarven ronderëm d'Haus

Mustiken, déi eis picken oder péngegen, beweege sech net wäit. Si sinn dacks direkt an eisem Ëmfeld opgewuess. Déi bescht Method fir se lass ze ginn an net méi gepickt ze ginn ass et, fir ronderëm eis Haiser d'Plazen ze reduzéieren, wou d'Mustiken hir Eeër leeë kënnen (Bruttplazen). Prinzip: keen ofgestanend Waasser = keng Mustiken!

  1. Spillsaachen a Behälter: Spillsaachen, Eemeren, Dëppen, Vasen, Poubellen, Schubbkaren, Pneuen an all Objet, dee Reewaasser usammele kann, ënnerdaach raumen.
  2. Basengen a Schwämmen: reegelméisseg d'Wänn botzen an doudeg Blieder rafen.
  3. Blummendëppen: Ënnersetzer eemol d'Woch eidel maachen a botzen oder mat Sand fëllen a moderat nätzen, sou datt sech kee Waasser dra sammelt.
  4. Sprangburen, Fudderkëmp a beweeglech Schwämmen: op d'mannst eemol d'Woch d'Waasser wiesselen a botzen.
  5. Reewaasserbehälter: mat Deckel, Mustiksnetz oder Stoff bedecken; ëmdréinen, wa se net am Asaz sinn.
  6. Kullangen, Ofwaasserkanäl a flaach Diech: fir e gudde Waasseroflaf suergen.
  7. Baatschen (z. B. iwwer Brennholz): sou leeën, datt de Reen gutt ofleeft a keng Pill entstinn.
  8. Pill a Verdéiwungen: Terrain egaliséiere fir d'Formatioun vun dauerhafte Pill ze vermeiden.
  9. Naturno Weieren: klenge Risiko, enthale vill Déieren (Libellen, Amphibien, Fësch, asw.); reegelméisseg Blieder aus dem Weier a ronderëm rafen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonymous, 2014. Small bite, big threat – Petits mais dangereux – Klein aber gefährlich: Les moustiques au Luxembourg. Brochure éditée par le Centre de recherche public Santé à l'occasion de la Journée mondiale de la santé. 20pp. PDF FR PDF DE
  • Beck, M., M. Galm, T. Weitzel, V. Fohlmeister, A. Kaiser, A. Arnold & N. Becker, 2003. Preliminary studies on the mosquito fauna of Luxembourg. European Mosquito Bulletin 14: 21-24. PDF 575 KB
  • Muller, C. P. & A. L. Reye, 2012. Prevalence and diversity of mosquitoes and mosquito-borne pathogens in Luxembourg. Unpublished report. CRP Santé and Laboratoire national de santé, Luxembourg.
  • Proft, J., W. A. Maier & H. Kampen, 1999. Identification of six sibling species of the Anopheles maculipennis complex (Diptera: Culicidae) by a polymerase chain reaction assay. Parasitol Res (1999) 85: 837-843.
  • Ries, C., A. Arendt, C. Braunert, S. Christian, A. Dohet, A. Frantz, G. Geimer, M. Hellers, J. A. Massard, X. Mestdagh, R. Proess, N. Schneider & M. Pfeiffenschneider, 2017. Environmental impact assessment and black, watch and alert list classification after the ISEIA Protocol of invertebrates in Luxembourg. Bull. Soc. Nat. luxemb. 119: 63-70. PDF 360 KB
  • Ries, C. & F. Schaffner, 2019. Conseils pour éliminer les gîtes larvaires de moustiques autour de son habitation. Dépliant en 4 langues (FR, LB, DE, PT), 2 p. Éditeurs: Musée national d'histoire naturelle, Direction de la santé (MS), Département de l'environnement (MECDD) PDF 1.5 MB
  • Ries, C., S. Christian, M. Pfeiffenschneider & F. Schaffner, 2019. Project report on an inventory of mosquito species in Luxembourg in 2016 Luxembourg. Unpublished report, 6 p.
  • Robert V., F. Günay, G. Le Goff, P. Boussès, T. Sulesco, A. Khalin, J. Medlock, H. Kampen, D. Petrić & F. Schaffner, 2019. Distribution chart for Euro-Mediterranean mosquitoes (Western Palaearctic region). Journal of the European Mosquito Control Association 37: 1-28.
  • Schaffner, F. & C. Ries, 2019. First evidence and distribution of the invasive alien mosquito Aedes japonicus (Theobald, 1901) in Luxembourg. Bull. Soc. Nat. luxemb. 121: 169-183. PDF 8,94 MB
  • Schaffner F., A. Weigand & C. Ries, 2023. Atlas and catalogue of the mosquitoes (Diptera, Culicidae) of Luxembourg. Ferrantia 87, Musée national d'histoire naturelle, Luxembourg, 117 p. PDF online
  • Sunnen, M., 1918. Die Stechmückenplage in Luxemburg und Umgebung. P. Worré-Mertens, Luxembourg, 24 p.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Systema Dipterorum: Catalogue of Life. In: Catalogue of Life - indexing the world's known species. Naturalis Biodiversity Center. Opgeruff den 1. Oktober 2019 (Englesch).
  2. Culicidae bei Fauna Europaea
  3. Cf. déi provisoresch Checklëscht vun de Mustiken zu Lëtzebuerg op https://mosquitoes.lu. Gekuckt de 15. Juni 2022 (Englesch)
  4. Éischten Moustiquen-Atlas: Zu Lëtzebuerg ginn et am Ganzen 28 verschidden Zorten. rtl.lu (30.1.2023). Gekuckt de(n) 30.1.2023.
  5. Cf. Proft et al. 1999 an der Literatur.
  6. Cf. Beck et al. 2003 an der Literatur.
  7. 7,0 7,1 Si gëtt heefeg och Asiatesch Tiger-Mustik genannt. Deen Numm ass net eendeiteg, well et vill getigert Mustikenaarten an Asien ginn.
  8. Cf. Ries et al. 2019 an der Literatur.
  9. Cf. Schaffner & Ries 2019 an der Literatur.
  10. Cf. https://mosquitoes.lu/first-appearance-of-the-tiger-mosquito-aedes-albopictus-in-luxembourg/
  11. Cf. https://mosquitoes.lu/second-detection-of-the-invasive-asian-tiger-mosquito-aedes-albopictus-in-luxembourg/
  12. Cf. https://mosquitoes.lu/atlas/
  13. Déi Lëtzebuergesch Nimm stamen aus dem Mustikenatlas ënnert Schaffner et al. 2023 an der Literatur.
  14. Tiger-Mustik eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg nogewisen. Gekuckt de(n) 4. September 2022.
  15. Moustique japonais. Gekuckt de(n) 4. September 2022.