Al-Dschasira

Vu Wikipedia

Al-Dschasīra (arabesch الجزيرة, iwwersat "D'Insel" oder "D'Arabesch Hallefinsel"), englesch Al Jazeera geschriwwen, ass en arabeschen Noriichtesender mat Sëtz zu Katar. Al-Dschasira erhieft den Usproch, den eenzege politesch onofhängege Tëlevisiounssender am Noen Osten ze sinn.

Geschicht, Aarbecht a Wierkung[änneren | Quelltext änneren]

De Sender huet Enn 1996 ugefaange mat senden, woubäi en dovu profitéiert huet, datt am Abrëll 1996 den arabesche Gemeinschaftssender vun der BBC an dem saudesche Medienkonzern Orbit wéinst Zensuropfuederunge vun der saudescher Regierung de Sendebetrib agestallt huet. Vill Mataarbechter vun dësem Sender si bei Al-Dschasira eriwwer gewiesselt.

Al-Dschasira ass warscheinlech de meescht gekuckten Noriichtesender am Noen Osten, wou vill Leit en als eng méi vertrauenswierdeg Informatiounsquell gesi wéi déi westlech Sender, wéi z. B. CNN International.

De Sender gouf vun der US-Regierung ëmmer erëm schaarf kritiséiert, well en an hiren Aen z'onkritesch iwwer de Saddam Hussein oder den Osama bin Laden bericht huet. Ëmgekéiert gouf Al-Dschasira vu ville vu senge Spectateure kritiséiert, well de Sender israeelesche Regierungsbeamte Sendezäit gëtt.

Et heescht, d'Awunner am Noen Oste géife vun hire Regierungen a Medien nëmmen ageschränkt Informatioune kréien, dës wiere souguer nach virageholl. Net zulescht dowéinst ass Al-Dschasira als déi oppenst a komplettst Informatiounsquell am Noen Oste bekannt an net confirméierten Aussoen no och en Zil vun US-Propaganda.

Am Drëtte Golfkrich gouf Al-Dschasira vun der US-Regierung beschëllegt, géint d'Genfer Konventioun verstouss ze hunn. De Sender huet Billermaterial vu gefaangenen US-Zaldoten, ënner anerem beim Verhéier, gewisen.

Am Januar 2003 huet d'BBC ugekënnegt, datt si e Vertrag iwwer den Austausch vun Informatiounen a Filmmaterial mat Al-Dschasira ënnerschriwwen hätt. Dëse Schrëtt gëtt vu villen als eng weider Bekräftegung vun der Neutralitéit vun dësem Sender gesinn.

Am Mäerz 2003 huet Al-Dschasira, opgrond vun den aktuellen Événementer eng engleschsproocheg Editioun vu sengem Internet-Optrëtt lancéiert, déi direkt gehackt gouf. D'Visiteure goufen duerch en Agrëff an den DNS-System zu enger Säit ëmgeleet, déi en amerikanesche Fändel gewisen huet. Dës Déviatioun war no e puer Deeg awer erëm besäitegt. Déi engleschsproocheg Al-Dschasira-Säit war awer wärend dem Drëtte Golfkrich kaum z'erreechen.

Haaptredakter vun der engleschsproocheger Offer ass déi am Libanon gebuer Joanne Tucker, Duechter vun engem US-amerikanesche Pilot bei enger ziviller Fluchgesellschaft an enger Libanesin. D'Joanne Tucker ass a Saudiarabien a Groussbritannien opgewuess, huet op der Cambridge University studéiert a fir d'BBC geschafft, éier se, faszinéiert vun der villsäiteger Berichterstattung vun Al-Dschasira no den Événementer vum 11. September 2001 vum Ibrahim Helal, Chefredakter vun Al-Dschasira, d'Offer krut, fir de Sender ze schaffen.

Al-Dschasira plangt, en engleschsproochege Sender ze lancéieren.

Zanter dem 4. Mäerz 2003 däerfen Al-Dschasira an aner Noriichtenagencën, deneen hir Nimm net publizéiert goufen, net méi vun der New Yorker Bourse beriichten, "aus Sécherheetsgrënn", sou déi offiziell Begrënnung. Kritiker sinn der Meenung, datt d'Ofneigung vun der Bush-Regierung géint dëse Sender den eigentleche Grond ass.

Am drëtte Golfkrich hu fir Al-Dschasira déi selwecht Restrictioune wéi fir aner Sendere gegollt. Den Taisir Alluni, e Reporter vun Al-Dschasira, gouf vum irakeschen Informatiounsministère aus dem Land verwisen, en anere Reporter, den Diyar al-Omari, huet net méi däerfen aus dem Irak beriichten. Béid Decisioune goufe méi spéit widderruff. Entre-temps huet al-Dschasira sech souguer ganz aus dem Irak zeréckgezunn, an huet "iwwerdriwen Amëschung vun den irakeschen Autoritéiten" als Grond uginn.

Den Taisir Alluni war fir Al-Dschasira och als Reporter am Afghanistan. No den Terroruschléi vum 11. September 2001 an den USA huet hie mat engem Exklusiv-Interview vum Osama bin Laden op sech opmierksam gemaach. Hie gouf 2005 a Spuenien wéinst senge Kontakter mat der al-Qaida zu siwe Joer Prisong verurteelt. Him gouf reprochéiert, engem Al-Qaida-Leader, deen hien a sengem südspueneschen Haus logéiert hat, Suen iwwerginn ze hun.

Den 8. Abrëll 2003 gouf de Büro vum Sender zu Bagdad bei enger US-Loftattack getraff, obwuel d'USA anscheinend iwwer déi genee Lag vum Büro informéiert waren. De Reporter Tariq Ayyub ass heibäi ëm d'Liewe komm. En änlechen Ugrëff op de Büro zu Kabul ass wärend dem Afghanistankrich geschitt.

De 7. August 2004 huet dem Allawi seng Regierung all Büroe vun Al-Dschasira am Irak zougemaach. De 4. September 2004 huet déi irakesch Regierung beschloss, de Verbuet vun engem Mount vun Al-Dschasira op onbestëmmten Zäit ze verlängeren.

Den 23. September 2004 huet den irakesche Regierungsconseil Al-Dschasira an Al-Arabiya fir zwou Wochen d'Berichterstattung iwwer déi offiziell Regierungsaktivitéite verbueden, an dëst anscheinend wéinst der Ënnerstëtzung vun Ugrëffer op Membere vum Regierungsrot an op Besatzungstruppen. E puer Iraker beschëllegen de Sender, duerch d'Diffuséiere vun Explikatioune vun irakesche Widderstandsféierer zur Gewalt géint de Besatzer opgehetzt an ethnesch resp. reliéis Spannunge verstäerkt ze hunn an de "gesetzlose Widderstand" z'ënnerstëtzen.

Staark opgefall sinn déi provokant Optrëtter vum Wafa Sultan an Talkshowen am Joer 2005 an 2006.

D'USA stralen den arbaeschsproochege Sender Al-Hurra aus.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Hugh Miles: Al-Dschasira: Ein arabischer Nachrichtensender fordert den Westen heraus, Hamburg: Europäische Verlagsanstalt, 2005 ISBN 3-434-50594-6

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Al Jazeera – Biller, Videoen oder Audiodateien