Alessandro Piccolomini
Alessandro Piccolomini | |
---|---|
Pseudonym | Stordito Intronato |
Gebuer |
13. Juni 1508 jul. Siena |
Gestuerwen |
12. Mäerz 1579 jul. Siena |
Aktivitéit | Astronom, Kathoulesche Priister, Philosoph, Iwwersetzer, Dramatiker, Dichter |
Den Alessandro Piccolomini, gebuer den 13. Juni 1508 zu Siena, a gestuerwen, den 12. Mäerz 1578 och do; (laténgesch: Alexander Piccolomineus) war en Dichter a Philosoph, gouf awer haaptsächlech als Astronom bekannt.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]A senger Jugend hat hien e puer Kaméidisstécker geschriwen: Amor costante (1536), L'Alessandro (1544) an Ortensio. Er übersetzte Dem Ovid seng Metamorphosen hat hien iwwersat, geneesou wéi dem Aristoteles seng Poetik an d'Rhetorik. Vun him stamen honnert Sonetter (Cento Sonetti, 1549 publizéiert[1]), an aner Gedichter. Zu Siena war hie Member vun der Accademia degli Intronati.[1][2]
1540 gouf hie Professer vun der Philosophie zu Padua, a sengem Traktat Della grandezza della terra et dell'acqua (Venedig, 1558) ass hie géint Meenung vum Aristoteles a vum Ptolemaios, datt d'Waasserfläch méi grouss wéi d'Landmass op der Äerd wier.[3]
Hien hat och iwwer d'Verbesserung vum Kalenner (1578) geschriwwen.[3] De Popst Gregor XIII. hat hien am Joer 1574 zum Titularäerzbëschof vun Patras ernannt. Den 12. Mäerz 1578 ass hien zu Siena gestuerwen.[2]
Wëssenschaftlech Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Della grandezza della terra et dell'acqua, 1558 (Digitalisat der Ausgabe Venedig 1561)
- Della filosofia naturale, Venedig 1560 (Digitalisat)
- In mechanicas quaestiones Aristotelis, paraphrasis paulo quidem plenior eivsdem commentarivm de certitudine mathematicarum disciplinarum, Venedig 1565 (Digitalisat)
- Sfera Del Mondo (Beräich vun der Welt), 1540
- Delle stelle fisse (Vu Fixstäre), 1540
- Speculazioni de' pianeti (Spekulatiounen iwwer d'Planéiten – De Piccolomini war hei der gläicher Opfaassung wéi de Ptolemaios)
Éierung
[änneren | Quelltext änneren]De Moundkrater Piccolomini gouf no him genannt.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Umberto Benigni: Alessandro Piccolomini. In: Catholic Encyclopedia. Volume 12, 1913 (en) (Onlineversion bei wikisource)
- Franco Tomasi: L'Accademia degli Intronati: strategie culturali e itinerari biografici. Onlineversion bei Accademia.org
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Alessandro Piccolomini – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Piccolòmini, Alessandro bei Enciclopedie on line Treccani.