Alex Werné

Vu Wikipedia
Alex Werné
Gebuer 7. Dezember 1891
Gestuerwen 16. Juni 1980
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Gewerkschaftler

Den Alex Werné, gebuer de 7. Dezember 1891 zu Uewerpallen[1] a gestuerwen de 16. Juni 1980, war e lëtzebuergesche Geometer, Resistenzler, Gewerkschaftler a Politiker (CSV).[2]

Hie war vun 1925 bis 1956 President vun der FEP.[2]

Vun 1929 bis 1955 war hie President vun der Chambre des employés privés.[2]

Vun 1957 bis 1967 war hie Member vum Gemengerot vun der Gemeng Esch-Uelzecht.[2]

Bei de Chamberwale vum 30. Mee 1954 gouf hien als Deputéierten an d'Chamber gewielt an huet säi Mandat bis 1959 behal.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Alex Werné op der Websäit ons-jongen-a-meedercher
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 Noruff op den Alex Werné an der 62. Sëtzung vun der Chamber am Sëtzungsjoer 1979-80 de 17. Juni 1980