Alfred d'Huart
Ausgesinn
Alfred d'Huart | |
---|---|
Gebuer |
30. Abrëll 1839 Ciney |
Gestuerwen |
10. Abrëll 1927 Bréissel |
Nationalitéit | Belsch |
Aktivitéit | Politiker |
Famill | |
Papp | Édouard d'Huart |
De Baron Alfred Julien Charles Marie Ghislain d'Huart och bekannt als Alfred d'Huart Malou[1] gebuer den 30. Abrëll 1839 zu Achêne, a gestuerwen den 10. Abrëll 1927 zu Bréissel, war e belsche Politiker.
Hie war Conseiller provincial fir d'Provënz Namouer, Senateur am Parlament, a Buergermeeschter vu Sovet.
Famill
[änneren | Quelltext änneren]Den Alfred war de Bouf vum Baron Édouard d'Huart an deem senger Fra der Anne de Montpellier.
Den 11. August 1863 gouf hien zu Woluwe-Saint-Lambert, mat der Mathilde Malou (1843-1912) bestuet, an d'Koppel krut 6 Kanner:
- Berthe 1864-1937
- Fernand 1866-1960
- Albert 1867-1937
- Marie 1871-1963
- Mathilde 1874-1961
- Frédéric 1877-1948
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Hie krut den 10. Juni 1875 d'Autorisation fir senger Fra hire Meederchersnumm bei säin Numm derbäizesetzen