Woluwe-Saint-Lambert / Sint-Lambrechts-Woluwe

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Woluwe-Saint-Lambert
Sint-Lambrechts-Woluwe
Land Belsch
Regioun Haaptstadregioun Bréissel
Communautéit Franséisch Communautéit
Flämesch Communautéit
Provënz  
Arrondissement Bruxelles-Capitale
Awunner 57.712 (1. Januar 2020)
Fläch 722
Koordinaten 50° 51’ 00’’ N
      04° 25’ 00’’ O
Telefonszon 02
Postcode 1200
Websäit http://www.woluwe1200.be
D'Märei
Lag vun der Gemeng an der Haaptstadregioun Bréissel

Woluwe-Saint-Lambert / Sint-Lambrechts-Woluwe ass eng vun den 19 zweesproochege belsche Gemengen an der Haaptstadregioun Bréissel. Se huet ronn 48.000 Awunner an zielt zu den éischte residentielle Gemengen an der Haaptstadregioun.

D'Gemeng grenzt am Süden u Woluwe-Saint-Pierre, am Westen un Etterbeek, Schaerbeek an Evere, an am Norden an am Osten un d'Gemenge Zaventem a Kraainem, déi allebéid am Flämesche Brabant leien.

Den Numm vun der Gemeng geet engersäits zeréck op hire Patréiner, de Lambert vu Maastricht, an anerersäits op d'Baach Woluwe, déi vu Süden no Norden derduerchleeft.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Kierch Saint Lambert/Sint Lambertus mat engem Tuerm aus dem 12. Joerhonnert;
  • D'Schlass Hof van Brussel (16. Jh.)
  • Hof ter Mussen, en ale Bauerenhaff mat enger Scheier vu 1741;
  • Hof ten Berg, en fréier Dependenz vun der Abtei vu Forest;
  • D'Walfaartskapell Lenneke Mare, gebaut ëm 1350;
  • eng Wandmille vu 1767;
  • D'Art deco-Stadhaus op der Tombergplaz, gebaut (1937-1939).

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Am Gemengerot huet d'Lëscht vum Buergermeeschter (LB) d'absolut Majoritéit. Dës gëtt vum Olivier Maingain, dem Spëtzemann vum FDF, gefouert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Woluwe-Saint-Lambert – Biller, Videoen oder Audiodateien