Op den Inhalt sprangen

Alphonse Laveran

Vu Wikipedia
Alphonse Laveran
Gebuer 18. Juni 1845
Paräis
Gestuerwen 18. Mee 1922
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Louis-le-Grand
Aktivitéit Botaniker, Fuerscher
Member vun Royal Society, Académie des sciences, Académie nationale de médecine
Gielercher Nobelpräis fir Physiologie oder Medezin, Cothenius-Medail, Foreign Member of the Royal Society, Commandeur vun der Légion d'honneur
Famill
Bestuet mat Sophie-Marie Pidancet

De Charles Louis Alphonse Laveran, gebuer den 18. Juni 1845 zu Paräis, an och do den 18. Mee 1922 gestuerwen, war e franséische Medezinner.

De Laveran huet sech, no senger Zäit als Militärdokter, mat der Tropekrankheet Malaria an hiren Agent-déclencheure beschäftegt. An Algerien konnt hien 1880 fir d'éischt Kéier am Blutt vu Patienten d'Erreeger isoléieren a beschreiwen.

Spéiderhin huet hie mat villen anere Fuerscher iwwer aner Krankheetserreeger gefuerscht, virun allem iwwer Trypanosomen: fir d'éischt iwwer déi vun Déieren, dono och iwwer déi, déi Krankheete beim Mënsch ausléisen, wéi d'Nagana-, d'Surra- a virun allem och d'Schlofkrankheet.

Hie krut 1907 den Nobelpräis fir Physiologie oder Medezin fir seng Aarbecht unz'erkennen "iwwer d'Roll, déi Eenzeller (Protozoen) als Krankheetserreeger spillen."

 Commons: Charles Louis Alphonse Laveran – Biller, Videoen oder Audiodateien