Amel Bent

Vu Wikipedia
Amel Bent
D'Amel Bent bei den NRJ Music Awards 2014
Gebuer 21. Juni 1985
Joué-lès-Tours
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Sänger
D'Amel Bent am Joer 2008

D'Amel Bent, gebuer den 21. Juni 1985 zu Joué-lès-Tours an der haiteger Regioun Centre-Val de Loire als Amel Bentbachir, ass eng franséisch Pop-Sängerin.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Der Amel Bent hire Papp kënnt aus Algerien an hir Mamm aus Marokko. D'Amel Bent, déi schonn ëmmer gär gesongen huet, wollt als Jugendlech awer Psychologie studéieren. 2004 wollt si sech dofir op enger Universitéit aschreiwen, huet dunn awer um Casting vun der Televisiounsshow Nouvelle Star deelgeholl. Si huet zwar net gewonnen, ass awer op déi drëtt Plaz komm.

Am November vum selwechte Joer huet si dunn hiren éischten Album Un jour d'été erausbruecht, dee si zesumme mat der franséischer Rapperin Diam's geschriwwen huet. Déi éischt Single Ma Philosophie war e grousse Succès; si gouf 500.000-mol verkaaft an huet sech méi wéi sechs Wochen op der Nummer 1 vun den offizielle Single-Charts gehalen. Och déi zweet Single Le Droit à l'erreur war erfollegräich an den Album huet schlussendlech Platin-Status erreecht.

2006 huet d'Amel Bent dat engleschsproochegt Lidd Eye of the Tiger erausbruecht, eng Cover-Versioun vun 1982 vun der Band Survivor.

Ee Joer méi spéit gouf den neien Album A 20 ans presentéiert, bei deem de Pascal Obispo an de Lionel Florence bei der éischter Single Nouveau français collaboréiert hunn. Aner Lidder stame vum Diam's a souguer de Charles Aznavour huet extra ee Lidd fir si geschriwwen.

Am Dezember 2009 koum hiren drëtte Studio-Album Où je vais eraus. Den éischten Extrait mam selwechten Numm huet d'Nummer 4 an de franséischen Downloadcharts erreecht.[1] Am Mee huet si e Concert am renomméierten Olympia ginn an hir national Tournée am ausverkaaften Zénith de Paris ofgeschloss.

No der Verëffentlechung vun hirem véierten Album Délit mineur ass d'Amel Bent 2012 dat neit Gesiicht vu Weight Watchers a Frankräich ginn. Well Délit mineur kee grousse kommerziellen Erfolleg hat, ass d'Sängerin net mat em op Tournée gaangen. 2012 huet si un der drëtter Staffel vun der Emissioun Danse avec les stars deelgeholl.

Ufank 2014 huet si de Studiosalbum Instinct verëffentlecht, bei deem si u bal all de Lidder matgeschriwwen huet an dee vum bekannte franséischen Hip-Hop an R&B-Produzent Kore produzéiert gouf. Déi éischt Singleauskopplung war Ma Chance, fir déi si bei den NRJ Music Awards 2013 an der Kategorie Artiste féminine francophone nominéiert gouf. Donieft huet si fir en Album mat Reprisë vum Jean-Jacques Goldman d'Lidd Quand la musique est bonne mam Rapper Soprano nei opgeholl. Déi Versioun huet et op Plaz 40 vun de franséischen Charts gepackt. An de Joren duerno huet si och Coverlidder opgeholl fir Albume mat Reprise vum Charles Aznavour a vum Johnny Hallyday.

Nodeem 2016 hire Vertrag mam Plackelabel Jive Epic op en Enn gaangen ass, huet d'Amel Bent en neie Kontrakt mam Label Mercury ënnerschriwwen. Enn 2018 an Ufank 2019 huet si dunn eng Rei nei Singele verëffentlecht, ugefaange mat Si on the demande. Den Album Demain huet et op déi 12. Plaz vun de franséischen Charts gepackt. 2018 an 2019, an nach eng Kéier 2022 an 2023, souz si och an der Jury vun der Castingshow The Voice Kids, an ass 2019 an 2020 op Tour gaangen (L'autre tour).

2020 du war d'Amel Bent Member an der Jury vun der Sendung The Voice an huet mat der Sängerin Imen Es d'Lidd Jusqu'au bout erausbruecht. Mam Lidd 1, 2, 3, zesummem mam Rapper Hatik opgeholl, huet si et fir d'éischte Kéier zënter 2007 nees an d'Top 10 vun de franséische Singlecharts gepackt. Vivante, hire siwente Studiosalbum als Solokënschtlerin, war deen éischten, deen et op déi éischt Plaz vun de franséischen Albumcharts gepackt huet.

D'Amel Bent ass reegelméisseg bei de Concerte vu Les Enfoirés derbäi.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Amel Bent bei engem Concert zu Yasmine Hammamet an Tunesien.

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Albumtitel Classement
FR[2] BE[3] CH[4]
2004 Un jour d'été 3 12 39
2007 À 20 ans 4 15 24
2009 Où je vais 9 25 65
2011 Délit mineur 24 61
2014 Instinct 11 14 28
2019 Demain 12 13 55
2021 Sorore (mam Vitaa a Camelia Jordana) 13 13 46
Vivante 1 7 41

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Singletitel Classement Album
FR[5] BE[6] CH[7]
2004 Ma philosophie 1 1 16 Un jour d'été
2005 Le droit à l'erreur 7 16 36
Ne retiens pas tes larmes 5 5 50
2006 Eye of the Tiger 2 13 32 Un jour d'été (Re-Editioun)
2007 Nouveau Français 3 7 75 À 20 ans
À 20 ans (mam Diam's)
2008 Tu n'es plus là 40
Désolée
2009 Où je vais 23 Où je vais
2010 Le mal de toi
Je me sens bien
Cette idée-là 92
2011 Je reste 29 Delit Mineur
2011 Tu veux ou tu veux pas
2012 Délit 38 27 Delit Mineur
Ma chance 106 Instinct
2013 Quand la musique est bonne 40
Sans toi 144
2014 Regarde-nous 118
2018 Si on te demande Demain
Rien
Dis-moi qui tu es
2019 Demain
2020 Jusqu'au bout (mam Imen Es) 47 6 Nos vies (Album vum Imen Es) / Vivante
1, 2, 3 (mam Hatik) 8 3 Vivante
2021 Ma sœur (mam Vitaa a Camelia Jordana) 159 Sorore
Le chant des colombes Vivante
Ton nom
2022 Lossa (mam Benny Adam)

Aner Lidder an den Charts[änneren | Quelltext änneren]

Joer Kënschtler Singletitel Classement
FR[5] BE[6] CH[7]
2007 La Fouine feat. Amel Bent Tombé pour elle 15
2013 Karl 158
2013 Amel Bent + Soprano Quand la musique est bonne 40
2013 Rohff avec Amel Bent Ti amo t'es à moi 94
2014 Amel Bent En silence 164
2017 Alonzo feat. Amel Bent 100% 102

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Amel Bent – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Franséisch Downloadcharts vum 19/12/2009 op lescharts
  2. Albumen op lescharts.com
  3. Albumen op ultratop.be
  4. Albumen op hitpararde.ch
  5. 5,0 5,1 Singelen op lescharts.com
  6. 6,0 6,1 Singelen op ultratop.be
  7. 7,0 7,1 Singelen op hitparade.ch