Casting (Auswiel)
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Casting (aus dem Engleschen) bezeechent de Prozess, bei deem Schauspiller, Sänger, Dänzer, Mannequinen an aner Kënschtler ausgewielt ginn. De Casting ass an der Reegel en Deel vun der Virproduktioun vun Inzenéierungen (Theater, Oper, Zirkus, Concerten), Filmopnamen (Kinosfilm, Fernseesfilm, Reklammsfilm, Museksvideo) a Fotosopnamen (Katalogen, Zäitschrëften, Pousteren, etc.).
D'Virsangen, Virdanzen oder Virschwätzen am Kader vun engem Casting gëtt och als Auditioun oder Audition (op Englesch) bezeechent.
Eng Castingshow oder eng Talentshow ass eng ëffentlech Veranstaltung oder Televisiounssendung, déi sech mat dem Casting vu potenzielle Sänger, Dänzer, Models, Akrobaten oder Änlechem befaasst. International bekannt Castingshowe sinn zum Beispill Popstars an The Voice. Zu Lëtzebuerg sinn Talents (2002), Wanns de eppes kanns! (2009-2011) an The One (2012) op RTL Télé Lëtzebuerg gelaf.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Casting (Auswiel) – Biller, Videoen oder Audiodateien |