Amiot 143
|
| |
| Konstrukter |
|
|---|---|
| Typ | Dag- an Nuetsbomber |
| 1. Fluch |
12. Abrëll 1931 (Amiot 140) |
| An Déngscht geholl | 1936 |
| Ausrangéiert | 1944 |
| Gebaut Fligeren | 138 |
| Equipage | |
| 5 | |
| Motorisatioun | |
| Motor | Gnome et Rhône 14K Mistral Major |
| Zuel | 2 |
| Typ |
Stäremotor 14 Zylinder |
| Leeschtung pro Motor | 870 PS |
| Dimensiounen | |
| Längt | 18,94 |
| Héicht | 5,68 |
| Flillekefläch | 100 m² |
| Massen | |
| Eidelt Gewiicht | 4 875 kg |
| 2 720 Liter | |
| Max. Startmass | 10 360 |
| Fluchleeschtungen | |
| Ofrëssvitesse | 120 km/h |
| Max. Fluchhéicht | 7 900 m |
| Reechwäit | 1 300 km |
| Waffen | |
| Maschinnegewierer | 4 7,5-mm MAC 1934 |
| Bommen | 780 bis 1 600 kg |
Den Amiot 143 war en zweemotorege franséische Bommefliger am Zweete Weltkrich, dee vun der SECM Amiot ënner der Leedung vum Félix Amiot gebaut gouf.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Am Ufank vum Joer 1928 huet de Ministère de l'Air eng Ausschreiwung fir en neie Fliger gemaach. Et sollt ee Fliger fir e puer Mann sinn dee Bombardementer am Dag wéi an der Nuecht konnt maachen. Véier Konstrukteren haten hir Propositiounen eraginn, Blériot, Bréguet, SACP a SECM-Amiot.
Amiot krut den Zouschlag fir säin Amiot 140M (M fir multiplace). Am November 1933 goufe 40 Fligere bestallt plus 2 Prototyppen déi Amiot 142 an Amiot 143 gedeeft goufen. Den 142 gouf no sengem éischte Fluch am Februar 1935 als 143 ëmgebaut.
Dem Amiot, war gradewéi de Bloch MB-131 an aner franséisch Fligere vun där Zäit, wéi en an Déngscht geholl gouf, schonn iwwerlieft. E war am Fligerjargon als bon à rien, mauvais en tout klasséiert.
Vun all den Amiot143 huet een iwwerlieft a steet um Fluchhafen Nantes-Atlantique
Amiot 143 zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]En Amiot 143 huet an der Nuecht vum 11. op den 12. Abrëll 1940, am Ufank vum Zweete Weltkrich, no enger militärescher Loftopklärung iwwer Däitschland, an den Hecken tëscht dem Heinenhaff a Feelen, missen noutlanden. E gouf vum Capitaine Marcel-Pierre Faure, dem spéidere franséische Generol. Vum Dr.Charles Marx a Leit déi him gehollef hunn, ass hien dunn heemlech - Lëtzebuerg war deemools nach en neutraalt Land - zesumme mat sengem Chef-Adjutant Charles Lherbiet a Frankräich zeréckbruecht ginn, wat no der däitscher Invasioun vu Lëtzebuerg e Nospill krut.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Amiot 143 – Biller, Videoen oder Audiodateien |