Marcel-Pierre Faure

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Missle template.svg Dëse Militärsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Wehrmachtzaldote bei engem Amiot 143

De Marcel-Pierre Faure, gebuer den 22. Oktober 1904 zu Vichy am Allier, a gestuerwen den 13. September 1965 an Indochina, war e franséische Generol, deen als Fligerkapitän an d'Lëtzebuerger Geschicht agaangen ass. Den 2. Abrëll 1940 ass hie während der Drôle de guerre (Zweete Weltkrich) bei enger militärescher Loftopklärung iwwer Däitschland vun der Flak getraff ginn. An den Hecken tëscht dem Heinenhaff an Uewerfeelen ass hien du mat sengem Fliger, engem Amiot 143 a senger Mannschaft noutgelant. Vum Dr.Charles Marx a Leit déi him gehollef hunn, ass hien dunn heemlech - Lëtzebuerg war nach en neutraalt Land - zesumme mat sengem Chef-Adjutant Charles Lherbiet a Frankräich zréckbruecht ginn. Dat huet duerno a besonnesch während der spéiderer däitscher Okkupatioun nach en Nospill kritt.

Militäresch Carrière[änneren | Quelltext änneren]

  • Capitaine genannt am Dezember 1935.
  • Lieutnant-Colonel am État-Major Général Air 1946
  • Colonel 1952
  • 1952 - 1955 detachéiert a Kanada[1]
  • Brigadegenerol 1955[2]

Noutlandung zu Feelen, Evasioun a spéider Folgen[änneren | Quelltext änneren]

Kaart mat der Plaz vun der Noutlandung

Et war an der Nuecht vum 1. op den 2. Abrëll 1940, wéi de franséische Fliger Amiot 143 mat der Besatzung:

  • Capt. Marcel-Pierre Faure
  • Adj.-Chef: Charles Lherbiet
  • Leutnant:Kastler
  • Serjant-Chef: Clavaud
  • Serjant: Kirsch

zu Nidderfeelen bei Ettelbréck ofgestierzt ass. Déi éischt zwéi Membere vum Equipage (Capitaine Faure an Adj.-Chef Lherbiet ((DenAdj.-Chef Lherbiet ass 1942 bei engem aneren Fligeraccident bei Griicheland an d'Mier gefall an ëmkom) koumen dunn an d'Ettelbrécker Klinik vum Dokter Charles Marx, well se verwonnt waren. Déi lescht 3 sinn an der Kasär zu Lëtzebuerg wéinst der deemoleger Neutralitéit vu Lëtzebuerg internéiert ginn. Et war virun der däitscher Okkupatioun an de Fliger, dee vun Chaumont a Frankräich aus fortgeflu war, war duerch Flakbeschoss iwwer Däitschland beschiedegt ginn an huet dofir eng Noutlandung misse versichen, déi leider net geklappt huet.(Deeler vum Fliger sinn haut am Patton-Musée zu Ettelbréck ausgestallt).

Den Dokter Marx huet sech dem Capitaine Faure an dem Adj.-Chef Lherbiet ugeholl an et fäerdeg bruecht fir se, zesumme mam Dokter Nicolas Huberty, trotz Bewaachung duerch d'Gendarmerie, - wéinst der geplangter spéiderer Internéierung - heemlech iwwer d'franséisch Grenz ze bréngen (Méi ausféierlech ass déi Episode op der Säit vum Dr. Charles Marx beschriwwen).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Derneden, John: Crash: Abstürze und Notlandungen von alliierten und deutschen Flugzeugen in Luxemburg - 1940-1945, GREG, Reeditioun 2005. Op de Säiten 120-121 beschreift den Auteur dee Fligercrash den 2. Abrëll 1940 bei Feelen
  • Flies, Joseph: Ettelbrück, Geschichte einer Landschaft, 1970, Imprimerie Saint-Paul,
    An deem Buch referéiert sech den Auteur op der Säit 1866 un de Bréif, deen de Generol Pierre Faure 1962 un de Dokter Nicolas Huberty vun Ettelbréck soll geriicht hunn, fir him fir säi Bäistand zur Evasioun 1940 Merci ze soen:
    • Parmi tous les souvenirs accumulés au cours des 37 ans d'aviation sous tous les cieux du monde, l'accueil que j'ai reçu au Luxembourg dans la nuit du ler au 2 avril 1940 reste pour moi l'épisode le plus émouvant. Notre ami tant regretté Charles Marx et sa charmante femme, que j'ai beaucoup vus à Vichy pendant l'été 1940 et envers lesquels j'ai pu m'acquitter d'une partie de mon immense dette en obtenant pour le docteur l'autorisation d'exercer en France, m'avaient beaucoup parlé de vous...C'est pourquoi le Docteur avait une place de choix dans mon souvenir de ces heures inoubliables, puisque je le savais "complice" direct de Marx dans mon évasion... Malheureusement, mon fidéle Lherbiet (second évadé de 1940), tombé en mer en 1942 en convoyant un avion vers la Grèce, a disparu.... Mais je n'avais pas oublié pour autant la réception de l'échevin de Niederfeulen et les robustes épaules de son fils, l'accueil dans cette clinique à 2 heures du matin sous le bon regard bleu de Charles Marx, le défilé dans ma chambre le lendemain de tout ce que Ettelbruck comptait d'amis de la France, cette évasion rocambolesque avec tant de complices et une organisation si poussée....

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. cf. Bréif vum SHAPE de 17. Mäerz 1955
  2. Déi 3 lescht Datumme sinn net déi vun der Nomination. Et sinn Datummen aus Bréiwer an aus Dokumenter vun der Éirelegioun aus deenen ervirgeet datt de Faure spéitsten dunn dee Grad hat.