Op den Inhalt sprangen

Amis du Prieuré d'Useldange

Vu Wikipedia
Les amis du prieuré d'Useldange
Frënn vum Useldinger Priorat
Grënnungsdatum 15. Juli 2020
Sëtz 2A, rue Principale
L-8715 Iewerleng
RCS F12926
Websäit amisduprieure-useldange.lu

D'Frënn vum Useldinger Priorat ((fr): Les amis du prieuré d'Useldange) ass eng lëtzebuergesch Vereenegung ouni Gewënnzweck, déi sech zum Zil gesat huet, sech fir d'Bauierwen an der Gemeng Useldeng anzesetzen a besonnesch fir d'Erhalen an d'Erfuersche vum ale Benediktinerpriorat aus dem 12. Joerhonnert. Donieft bekëmmert sech d'Vereenegung awer och ëm d'Opschaffe vun der räicher Geschicht vun der Gemeng Useldeng an hiren Archiven.

Si gouf de 15. Juli 2020 gegrënnt an huet hire Sëtz zu Iewerleng.

D'Vereenegung ass Member bei der Lëtzebuerger Denkmalschutzfederatioun.