André Lucion

Vu Wikipedia

Den André Lucion gebuer den 2. September 1906, zu Sarrealbe am Departement Moselle, a gestuerwen zu Lëtzebuerg de 25. August 1944 wr e belsche Jurist a Magistrat.

Hien hat en Droitstudium zu Léiwen gemaach, an eng Licence en sciences politiques et sociales gemaach.

Den 8. Oktober 1944 gouf hie Substitut zu Charleroi an den 22. Oktober 1940, Procureur du Roi zu Arel.

No dem Bommenattentat zu Arel de 24. August 1944, op d'Geschäft vum Kollaborateur Ambroise, gouf hien de 25. moies fréi vun der Gestapo a sengem Haus op der Baaschtnecher Strooss verhaft fir op d'Place Léopold bei déi aner Geisele gefouert ze ginn. Op deem Wee gouf hie mat enger Mitraillette an de Réck geschoss, an e blouf dräi Stonne sou do leien, well keen him huet däerfen hëllefen. Schliisslech gouf en op Lëtzebuerg an eng Klinick transportéiert, wou e géint sechs Auer owes gestuerwen ass.