Andrée Wirion
Andrée Wirion | |
---|---|
Gebuer | 25. Juni 1927 |
Gestuerwen | 10. Abrëll 1995 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Kënschtler |
D'Andrée Wirion-Kayser, gebuer de 25. Juni 1927 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 10. Abrëll 1995, war eng lëtzebuergesch Textilkënschtlerin.
Si war eng Urenkelin vum Nicolas Gredt, war mam Affekot Edmond Wirion bestuet an hat fënnef Kanner. Hir Spezialitéit war d'Konschtwiewerei (tapisserie).
1983 huet si de Prix Grand-Duc Adolphe kritt.