Andrzej Szeptycki (Taxonomist)

Vu Wikipedia
Andrzej Szeptycki
Gebuer 9. Juli 1939
Gestuerwen 28. September 2008
Krakau
Nationalitéit Polen
Aktivitéit Entomolog

Den Andrzej Szeptycki, gebuer den 9. Juli 1939 zu Dziewiętniki bei Lwiw (Lemberg) (deemools polnesch) a gestuerwen den 28. September 2008 zu Kraków, war e polneschen Taxonomist, dee sech op d'Collembolen an d'Proture spezialiséiert hat.

Den Andrzej Szeptycki huet 1976 op der Adam Mickiewicz Universitéit vu Poznań habilitéiert; 1987 gouf hie Professer. Vun 1962 bis 2008 huet hien als Chercheur am “Institute of Systematics and Evolution of Animals" vun der polnescher Akademie vun de Wëssenschaften zu Kraków geschafft. Vun 1982 bis 1984 war hie den Direkter vum "Department of Systematics and Experimental Zoology" a vun 1988 bis 1994 Sous-Direkter vum "Department of Systematics and Experimental Zoology"; vun 1994 bis 1997 huet hien den "Department of Invertebrate Zoology" vum Institut geleet.

Den Andrzej Szeptycki ass den Auteur respektiv Coauteur vun 119 wëssenschaftlechen Artikelen. Hien huet 7 nei Gattungen an 87 nei Aarte vu Proture beschriwwen, 16 nei Aarte vu Collembolen an eng nei Aart vu Grylloblattodea (de: Grillenschaben).

De Professer Szeptycki huet sech ë. a. eng Zäit laang zu Lëtzebuerg opgehalen.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Szeptycki A. & Weiner W.M,, 1993. Eosentomon stompi sp. n., a new Protura from Luxembourg (Eosentomidae). Acta zoologica cracoviensia 35, S. 413-421. [1]
  • Szeptycki, A., 2001. New Eosentomon species from Luxembourg (Protura: Eosentomidae). Genus 12 (3), S. 237-267. [2]
  • Szeptycki, A., N. Stomp & W.M. Weiner, 2003. The Protura of Luxembourg. Ferrantia (Travaux scientifiques du musée national d'histoire naturelle de Luxembourg) 34, S. 1-44. [3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Weiner, W.M. & Z.T. Stebnicka, 2009. Professor Andrzej Szeptycki (1939–2008). Bibliography of Andrzej Szeptycki. Acta zoologica cracoviensia 52B (1–2), S. 3–8. [4]