Anne-Marie Mesmoudi
Ausgesinn
| Anne-Marie Mesmoudi | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer | 28. Mee 1960 |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Aktivitéit | Liichtathleetin |
| Kompetitiounsklass | Goen |
|
| |
D'Anne-Marie Mesmoudi, gebuer den 28. Mee 1960 zu Meknès a Marokko, ass eng franséisch Liichtathleetin a Spezialistin am athleetesche Goen.
Si huet hir Lizenz beim paräisser Club Stade français a si geet kuerz Distanzen, z. B. d'3000 Meter, awer och méi grouss Strecken, Ultramarathon genannt, wéi de Paris-Colmar mat iwwer 260 km.
Hire Coach ass de Roger Quemener, fréiere Champion an der Marche a siwe Mol Gewënner vu Paris-Colmar.
